
An dëser Woch ass vill iwwert eisem Kontinent an och an eise Géigende lass, de Weekend kéint dann eréischt erëm eng Berouegung antreffen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
D’Héichdrockgebitt, wat eis de Weekend iwwer jo nach meeschtens rouegt Wieder bruecht hat, ass vu gëschter un aus eisem Land verdrängt ginn. Schold drun ass e grousst Déifdrockgebitt, wat sech vum Atlantik hier iwwert déi brittesch Inselen bis an d’Nordséi verlagert.

Genee dëst Déif schleeft Mëtt der Woch och d’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan KIRK an eis Géigenden, wouduerch et net nëmme lëfteg mee viraussiichtlech och uerdentlech naass wäert ginn. Eréischt fir de Weekend gesinn d’Modeller eng gewëss Chance, dass sech kuerzzäiteg en Tëschenhéich kann duerchsetzen.
De Verlaf
Mir ginn hei elo net genee op d’Thematik iwwert den Ex-Hurrikan KIRK an – dat maache mir an engem separaten Artikel. An dësem kucke mir eis iwwerflächlech un, op wat mir eis dës Woch kënnen astellen. Haut um Méinde si mir mat vereenzelten a liichte Nidderschléi an den Dag eragestart, elo am Virmëtte kënnt d’Sonn nach heiansdo luussen. An de nächste Stonne gëtt et awer ëmmer méi wollekeg, spéitstens am spéidere Nomëtten/fréien Owend kommen aus Frankräich Nidderschléi op, déi och mol méi kräfteg kënnen ausfalen. D’Temperature packen et haut op 14 bis 18°C. An der Nuecht si besonnesch laanscht den äusserste Südoste nach e puer restlech Nidderschléi méiglech.
Muer um Dënschde gëtt et just zäitweis e bësse naass, tëscht ville Wolleke weist sech d’Sonn heiansdo. E Mëttwoch kënnt dann den Ex-Hurrikan KIRK an d’Spill, deen eis kontinuéierlech méi Reen op Lëtzebuerg bréngt. Och d’Wandvitesse ginn an d’Luucht a sollen an der Nuecht op en Donneschden hire Maximum erreechen. Wéi staark de Wand gëtt, hänkt awer vu klenge mee wichtegen Détailer of, déi mir an engem zukünftege separaten Artikel méi genee erleideren. En Donneschden ass et zumools an der éischter Dageshallschent nach zimmlech ongemittlech, ier duerno dann lues a lues eng Besserung usteet. D’Temperature beweege sech e Mëttwoch bei 12 bis 16°C am Dag, en Donneschde sinn et 11 bis 14°C.
Fir e Freide gëtt schonn erëm eng kleng Besserung berechent, well den Héichdrockafloss dann erëm ufänkt zouzehuelen. Ofgesi vum fréie Moie wiessele sech am Laf vum Dag viraussiichtlech Sonn a Wolleken of. E Samschde besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, iwwerdeems et e Sonnden awer erëm meeschtens dréche bleiwe sollt. Aus momentaner Siicht gesi klammen d’Wäerter am Dag net iwwer 13°C, an de Nuechte kéint et zumools an eenzelnen Däller erëm méi knackeg kill ginn.