De Wochenausbléck: Variabel a meeschtens ënner 25 Grad

Déi ganz Woch iwwer wärt den Jetstream méi oder manner iwwer Mëtteleuropa leien a gutt aktiv sinn. Et ass also weiderhi mat variablem, mee haaptsächlech méi killem Wieder ze rechnen.

Kee Summerwieder a Siicht

Den Jetstream ass e staarke Wandstroum a 9 bis 12 Kilometer Héicht a fungéiert e bësse méi eng Strooss fir Déif- an Héichdrockgebitter. Dës Woch ass, duerch déi gutt Präsenz vum Jetstream, mat deementspriechender Ofwiesslung ze rechnen.

Mir starte mat enger Partie Wollécken an déi nei Woch eran. Um Méinden ass et oft méi gro, d’Sonn kënnt sech awer och heiansdo tëschenduerch weisen. D’Temperature klammen op 19 bis 23 Grad. Virun allem am Nomëtte ka mol eng Schauer oder en Donnerwieder optrieden. D’Intensitéit dovu sollt sech awer a Grenzen halen. Um Dënschde si weiderhin e gudde Koup Wollécken ënnerwee, heiansdo weist sech d’Sonn erem. Am Nomëtte besteet eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Schauere, soudass et net grad zu 100% ausgeschloss ka ginn, dass et awer mol naass gëtt. D’Temperaturen hale sech am Dag tësche 16 an 21 Grad op.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (ICON – wxcharts.com)

De Mëttwoch wiessle sech d’Sonn an d’Wollécke bis an de spéidere Nomëtten of, dat bei 18 bis 22 Grad. Réischt méi spéit gëtt et aus westleche Richtunge méi gro, an der Nuecht op den Donneshcde kann et zu vereenzelte Schauere kommen. Um Donneschde selwer ass et aus aktueller Siicht gesinn meeschtens bedeckt, allerdéngs sollte just ganz vereenzelt mol Schaueren oder Wiederen erofgoen. D’Temperature leien am Nomëtten tëscht 16 an 23 Grad.

Enn der Woch ass keng wierklech Ännerung ze erkennen. Sonn a Wollécke wiessle sech of, heiansdo ass eng Schauer dobäi. D’Temperaturen hale sech weiderhin am 20er Beräich op, virun allem am Norde bleiwe mir lokal souguer ënnert den 20 Grad.