De Wochenausbléck: Variabel, Enn der Woch méi waarm

Déi ugeschwaate kill Loftmasse komme lues a lues an eis Géigende gezunn, wat awer wäitaus méi dramatesch kléngt, wéi et ass. No net all ze langer Zäit soll et scho rem biergop goen.

Et war zwar scho variabel zu Lëtzebuerg, mee dat wärt an dëser Woch nach e Stéck zouhuelen. Et ass rem méi oft mat Nidderschléi ze rechnen, allerdéngs si groussflächeg gesi keng all ze héich Quantitéiten ze erwaarde. Just lokal begrenzt kann et duerch eng méi kräfteg Schauer oder en Donnerwieder zu méi markanten Akkumulatioune kommen.

Um Méinde starte mir mat ville Wollécken an den Dag, et ass mat Schaueren ze rechnen. Am Laf vum Dag gëtt et awer scho rem e gutt Stéck méi drëchen, trotz ville Wollécken déi nach ënnerwee sinn. De Schauerrisk ass méi niddreg, mee ëmmer nach präsent – dat bei 15 bis 20 Grad. Um Dënschde behaale mir d’Schauerwahrscheinlechkeet, woubäi och heiansdo en Donnerwieder net onméiglech ass. Dës Schauere sollen awer scho rem op eng méi lokal begrenzt Art a Weis optrieden, dat bei zréckgoenden Temperature vun 11 bis 15 Grad am Dag.

Bléck bis de Freide vun uewen (wxcharts.com)

Den Déifstpunkt vun der méi “killer Phase” gëtt méiglecherweis an der Nuecht op de Mëttwoch areecht. Do kann den Thermometer lokal, a virun allem an eenzelnen Däller am Norden, bis op 1 Grad falen. Buedemfrascht ass ze erwaarden. Op anere Plazen am Land bleiwe mir bei 5 bis 9 Grad. Um Mëttwoch selwer wiessle sech Sonn a Wollécken of, ab dem Nomëtte klemmt d’Schauerwahrscheinlechkeet méi signifikant. Ab dem Owend an an der Nuecht ass aus aktueller Siicht mat Reen ze rechnen, deen aus der Belge op Lëtzebuerg gezu kënnt.

Vum Donneschden un klammen d’Temperature viraussiichtlech rem an de Beräich vun den 20 Grad, woubäi et awer ëmmer nach variabel ass. Sonn a Wollécke wiessle sech of, zäitweis ass et méi staark bedeckt, wou et och rem lokal ka naass ginn. Um Freiden an och um Samsde kréie sech sonneg Momenter ëmmer besser duerchgesat, dat bei méiglecherweis gutt iwwer 20 Grad. De geneeë Verlaf muss natierlech nach ofgewaart ginn, well et nach e gutt Stéck bis dohinner ass.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)