De Wochenausbléck: Variabel, Temperature fueren eng Ronn mat der Achterbunn

Déi nei Wiederwoch presentéiert sech vun enger liicht méi variabler Säit – net nëmme wat de Wiederzoustand u sech ugeet, mee och a Punkto Temperaturen.

Grousswiederlag

Ugekuerwelt gëtt de méi variable Charakter duerch en Déifdrockgebitt, wat an der Nuecht op de Méinden an de Weste vu Frankräich eranzitt/eragezunn ass. Esou gi méi fiicht Loftmassen an eis Géigende gedroen, déi mat de summerlechen Temperaturen interagéieren. Esou besteet fir den Ufank mol virun allem um Méinden an och um Dënschde virun allem an Däitschland, um Dënschde méiglecherweis och Lëtzebuerg, en erhéichte Risk vun Donnerwieder. Dës kënne, mat Fokus op Süddäitschland, erëm onwiederaarteg ausfalen. Wärend dem Rescht vun der Woch probéiert sech den héije Loftdrock d’Dominanz zréckzehuelen, duerch liichten Déifdrockafloss dotëscht kann et awer weiderhin zu eenzelne Schaueren dotëscht kommen. Wat Lëtzebuerg betrëfft, ass et am Ufank mol nach a Punkto Temperaturen summerlech, ier eis fir Mëtt der Woch e klenge Knéck no ënnen usteet. Duerno, a Richtung Enn der Woch, soll et op e Neits biergop goen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Méinden zéie vill Wolleken duerch, dotëscht ass awer och mat sonnege Momenter ze rechnen. Am Ufank si nach eenzel Nidderschléi aus der Nuecht méiglech, ier dann am Nomëtten op ee Neits eng kleng Warscheinlechkeet vu Schauere klëmmt. Bei 24 bis 28 Grad gëtt et schmeier-waarm, mee awer, wéi gesoot, mat sonnege Momenter dotëscht. Um Dënschde klammen d’Wäerter nach op 20 bis 23 Grad, am Laf vum Dag ass d’Warscheinlechkeet vun engem Donnerwieder an eise Géigenden schonn méi héich wéi haut um Méinden. Gi mir eriwwer op de Mëttwoch, dann hale mir de Mix aus Sonn, décke Wolleken an eenzelne Schauere souwéi Donnerwieder bäi. D’Temperature klammen op 15 bis 19 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent ass et um Donneschde méiglecherweis nach méi gro mat Schaueren, 16 bis 20 Grad. Duerno dann, vum Freiden u, soll et tendenziell manner oft naass ginn. 18 bis 23 Grad stinn un, um Samsde wiere mir mat 21 bis 25 Grad erëm an engem summerleche Beräich ënnerwee. Et si vill Wolleken ënnerwee, mee aus aktueller Siicht gesi soll et dréche bleiwen. Um Sonnde si vill Wolleken ënnerwee, et ass dotëscht mat Schaueren ze rechnen. 20 bis 24 Grad stinn un.