De Wochenausbléck: Variabel Westwiederlag geet virun

Och an der neier Wiederwoch bleiwe mir ënnert dem Afloss vun der variabler Westwiederlag. Dat heescht also: Vill Wolleken, vill Reen an och de Wand ass ëmmer nach spierbar.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi et bekannt ass, ass d’Wieder de Moment haaptsächlech dowéinst esou variabel, well den Jetstream quasi direkt iwwert eis ewechbléist. Den Jetstream ass e staarkt Wandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, un dem sech d’Drockgebitter orientéieren. Et ass also souzesoen de Motor vun eisem Wiedergeschéien. A well dësen eben esou zimmlech iwwert eisem Kapp hänkt, kënnt et zu richteg variablem Wieder wat et net zouléisst, dass sech elo e fest Déif oder Héich iwwert eis festsetze kann.


De Verlaf vun der Woch, berechent vum europäeschen ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Mir starten d’Woch mat ville Wolleken, dobäi ass ëmmer erëm mat enger Schauer ze rechnen. Op de Koppe vum Land ka sech heiansdo och déi eng oder aner Flack ënnert de Reen mëschen, well an der Héicht kuerzzäiteg méi kill Loftmassen eragefloss kommen. Eis Temperature packen et haut op 4 bis 6 Grad. Muer um Dënschde geet et mat ville Wolleke virun, heiansdo ka sech d’Sonn dotëscht weise kommen. Haaptsächlech vum Nomëtten un errecht eis aus Westen erëm méi groussflächege, mee awer net all ze staarke Reen. D’Temperature packen et op tëscht 3 a 5 Grad. E Mëttwoch starte mir mat flächendeckendem Reen an den Dag, dëse kann och méi kräfteg ausfalen. Duerno, a Richtung Nomëtte, gëtt et awer no a no manner oft naass. Tëscht de ville Wolleke ka sech d’Sonn heianssdo weisen, ier um Owend erem Reen eragezu kënnt – och Flacke sinn dann erëm méiglech. D’Temperature klammen op 7 bis 10 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent ännert sech vum Charakter hier net vill. D’Westwiederlag bleift, an domat och de Reen an de Wand. Fir en Donneschde steet erëm e Reegebitt un, dat bei 7 bis 9 Grad. E Freide solle sech Sonn a Wolleken ofwiesslen, heiansdo kënnt eng Schauer erof – dat bei 7 bis 10 Grad. De Samsde gëtt et erëm méi wollekeg an et reent, et gëtt 8 bis 11 Grad waarm. E Sonnde soll et dem europäeschen ECMWF no erëm zu eenzelne Schnéischauere kommen, iwwerdeems de GFS nach e bësse méi skeptesch ass.

Risk vu Stierm?

Wandméisseg gëtt et en Donneschde mat Spëtzte bis 65 km/h bësse méi interessant. De nächsten Dag wier dann de Samsden, fir den den ECMWF & de GFS d’Warscheinlechkeet vu Stuermstéiss gesinn. Konkretes ass awer nach näischt bekannt.