De Wochenausbléck: Vill Sonn, wéineg Wollécke, kaum Reen

Dës Woch gëtt et zwar net méi sou waarem wéi d’lescht Woch, an awer ass mat iwwerduerchschnëttlech héigen Temperaturen ze rechnen.

Ëmmer nach ze waarem vir d’Joereszäit

Virun e puer Deeg goufe vir déi nei Woch nach méi Wollécken a souguer e bësse Reen vun eise Modeller simuléiert. An Tëschenzäit ass awer net méi vill dovunner iwwrëg: Reene wärt et, wann iwwerhaapt, just enk begrenzt. Wann eppes eroofkënnt, da wärt d’Quantitéit net nennenswert sinn. Et kann ee sech also rem op eng Woch mat vill Sonn an e puer wéinege Wollécken astellen.

De Méinde starte mir mat wéinege Wollécken an den Dag eran, plaatzeweis sinn awer mol Niwwelfelder aktiv. Dës léise sech am Laaf vum Virmëtten op, an de Moiesstonnen ass kee Buedemfrascht ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtten zéie just e puer harmlos Wollécken duerch, daat bei ville sonnëge Momenter. Et ginn ëmmer nach Temperature vun 20 bis 24 Grad ereecht, daat bei engem schwaache bis liicht spierbaren Ostwand.

Vill Sonn bis an déi zweet Wochenhalschend

Déi vill sonnëg Momenter huele mir och bis an déi zweet Wochenhalschend mat eran. Um Dënschden erwaart eis e flotten Dag mat vill Sonn, d’Temperature packen et op 20 bis 24 Grad. Um Mëttwoch zéien e puer eenzel Wollécken duerch, déi d’Sonn awer net groussartëg stéiere wärten. Ët gëtt 17 bis 22 Grad waarem. Och um Donnëschde si laut aktuelle Modellrechnunge nëmme wéineg Wollécken ënnerwee an et sollt bei 16 bis 21 Grad drëche bleiwen. Den Détail zu de Wiederprognose vir déi nächst dräi Deeg fannt Dir ëmmer aktuell ënnert dësem Link.