Dës nei Wiederwoch sollt sech e Stéckche méi frëndlech weise wéi déi lescht – an awer bleift et net dréchen. Et ass ëmmer nach mat Schaueren ze rechnen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Déi ass dës Kéier e bësse méi schwéier ze beschreiwen. Mir leien dës Woch zwar vill ënner Déifdrockafloss, zäitweis mëscht sech awer och héije Loftdrock an. Den héije Loftdrock läit haaptsächlech iwwer Südeuropa an och dem Mëttelmierraum, kann awer zäitweis och méi wäit an de Norden iwwergräifen.
Den Déifdrockafloss huet säin Uersprong vum Atlantik a wäert sech och ëmmer erëm iwwer Mëtteleuropa weisen. Duerch dës Mëschung kënnt et zwar nach zu Schaueren, mee et sollt net méi grad esou naass ginn wéi d’lescht Woch. Wat d’Temperaturen ugeet si mir an engem däitlech ze héije Beräich ënnerwee.
De Verlaf
Haut um Méinde si vill Wolleken ënnerwee, vereenzelt Schauere si méiglech – grouss Quantitéite bleiwen awer aus. Am Nomëtte gëtt e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad erreecht, besonnesch a Richtung spéidere Nomëtte gi sonneg Momenter méi warscheinlech. Muer um Dënschden zéien och Wolleken duerch, dotëscht weist sech awer d’Sonn heiansdo. D’Modeller gesinn all keng all ze héich Reewarscheinlechkeet, esoudass et tatsächlech op ville Plaze kann dréche bleiwen. Tendenziell gëtt et a Richtung spéideren Owend awer ëmmer méi wollekeg. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad. E Mëttwoch ass et en Tick méi wollekeg, weider Schauere si méiglech. D’Temperature packen et op 9 bis 12 Grad.
En Donneschde leie mir genee tësdcht héijem an déiwem Loftdrock. Doduerch ass et oft wollekeg, sonneg Momenter sinn awer och mol dran. Eenzel Schauere si méiglech, mee virun allem d’Temperature stiechen eraus: Dem europäesche Modell no kënnen esouguer méi wéi 15 Grad erreecht ginn – d’Eenzelheeten dozou kommen awer an engem aneren Artikel. E Freiden bleift et wollekeg, weider Schauere si méiglech bei 7 bis 10 Grad. De Weekend wiessle sech d’Sonn, Wolleken an eenzel Schaueren of. Et gi weiderhin ëm 10 Grad erreecht.