De Wochenausbléck: Vum Donneschden un däitlech méi kal

Bis den Dënschden hu mir et nach mat gréisstendeels sonnegem a summerlechem Wieder ze dinn. Vum Mëttwoch u kommen aus Nordweste kill Loftmassen eragezunn, wouduerch och d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an d’Luucht geet.

Summerleche Start

Ier sech de Wiederchangement bei eis bemierkbar mécht, bleift et mol nach schéi sonneg a summerlech zu Lëtzebuerg. Mir starten haut um Méinden héchstens mat e puer eenzelne Niwwelfelder, am Laf vum Dag gi bei vill Sonn a nëmmen e puer harmlose Wolleken 23 bis 28 Grad areecht. Och den Dënschde gëtt en änlechen Dag mat vill Sonn an Temperaturen, déi et nach eng Kéier op 24 bis 27 Grad packen. Schonn vum spéideren Owend u gëtt et méi wollekeg.

De Mëttwoch gëtt ee richtegen Iwwergangsdag. Et gëtt no a no méi wollekeg, an awer ka sech dotëscht d’Sonn och mol weise kommen. Et gi Maximaltemperature vun 20 bis 23 Grad areecht, ganz lokal begrenzt kann och mol eng schwaach Schauer optrieden. An der Nuecht op den Donneschde geet d’Warscheinlechkeet vu Reen weider an d’Luucht.


Vum Mëttwoch/Donneschden u gëtt Europa vu méi kille Loftmassen iwwerschwemmt | Animatioun: wxcharts.com

Summerlech Loftmasse gi verdriwwen

Wéi d’Wiedermodeller et schonn zanter der leschter Woch gesinn, soll eis vum Donneschden un e markante Wiederëmschwong ustoen. Duerch d’Zesummespill vum Azorenhéich an engem Déif iwwer England komme kill Loftmassen aus dem Nordwesten an eis Richtunge gezunn. Sollt sech dësen Trend, deen elo schonn zimmlech warscheinlech erschéngt, sech wierklech duerchsetzen, da falen eis Temperaturen demnächst wierklech markant. Um Donneschden zéien dem aktuelle Stand no vill kompakt Wolleken duerch, déi eng oder aner Schauer ka virun allem moies optrieden. Am Nomëtte kënne bei 20 bis 23 Grad sonneg Momenter virkommen. De Freiden an och um Samsde kéinte Maximalwäerter vu just nach 10 bis 14 Grad areecht ginn, dat bei engem Mix aus eenzelne sonnege Momenter, ville Wolleken a Reen. Och de Sonnde soll mat 10 bis 14 Grad bal d’selwecht ginn.