De Wochenausbléck: Waarm bei Schauerwahrscheinlechkeet

Déifdrockgebitter, déi sech mat hiren Zentren gréisstendeels iwwer England/Irland befanne wärte, beaflossen dës Woch eist Wieder.

Iwwersiicht

Duerch déi sou wäit nördlech Positioun vum Déif, wat eis bis de Mëttwoch beaflosst, komme net direkt kill Loftmassen op Lëtzebuerg gefloss. D’Stréimung dréint op West bis Südwest, soudass mir zwar méi fiicht Loftmasse vum Atlantik, mee gläichzäiteg och ëmmer nach déi méi mëll Loftmass aus dem südlechen Europa ugezaapt kréien. Vum Donneschden un iwwerhëllt en zweet Déifdrockgebitt, méiglecherweis souguer e Stuermdéif, d’Haaptroll vun eisem Wiedergeschéien. Dëst zitt mat séngem Kär och a Richtung Irland/England an zitt de Freide nachemol e Schwall mat méi waarme Loftmassen op Lëtzebuerg, déi awer schon um Weekend selwer duerch eng Kalfront verdrängt wärte ginn.

D’Prognose fir déi nächst 3 Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

De Verlaf vun de Loftmassen (GFS – wxcharts.com)

Schauerwahrscheinlechkeet klëmmt, et bleift awer meeschtens mëll bis waarm

De Méinde starte mir mat enger gudder Partie Wollécken an déi nei Woch eran. An de Moiesstonne leien d’Temperaturen tësche 14 an 18 Grad, op e puer Plaazen am Süde kënne se och bei 22 Grad leien. Et si vill Wollécken ënnerwee, soudass et och nach zu lokale Schauere komme kann. Am Laf vum Dag, also am Nomëtte, verzitt sech d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren an Däitschland, soudass et bei eis rem gréisstendeels drëche bleiwe sollt, trotz ëmmer nach Wollécken. Eenzel sonneg Momenter si bei Maximaltemperature vu 24 bis 30 Grad ze erwaarden.

Den Dënschde gëtt e méi schmeieren Dag. D’Temperature leien um Moien tësche 14 a 17 Grad, am Süde bei 18 bis 20 Grad. Mëttes an am Nomëtte ginn 20 bis 25 Grad areecht, dobäi besteet rem d’Wahrscheinlechkeet vun där enger oder anerer Schauer oder och engem Donnerwieder. Déi allermeescht Plaaze sollten awer éischter drëchen duerch kommen. An der zweeter Halschend vun der Nuecht op de Mëttwoch kéint dem aktuelle Stand no méi groussflächege Reefall asetzen, dee sech am Laf vum Mëttwoch selwer awer rem lues a lues berouege wärt. D’Temperaturen areechen am Mëttwochnomëtten 20 bis 23 Grad.

Um Donneschde fänkt et scho rem un, e bësse méi waarm ze ginn. Dëst, duerch den uewen an der Iwwersiicht genannte Grond. Trotz ville Wollécke bleift et meeschtens drëchen, dat bei e puer sonnege Momenter an 21 bis 25 Grad. Um Freide soll et 24 bis 28 Grad waarm ginn, dat bei enger schmeierer Loftmass, déi fir eenzel Wiedere suerge kann. Déi selwecht Konditiounen haale mir méiglecherweis och nach bis de Sonnden, dat bei Maximaltemperature vun em 27 Grad, déi dagsiwwer méiglech sinn.