De Wochenausbléck: Warscheinlechkeet vu Frascht klëmmt a Richtung Weekend

Eng variabel Woch steet eis an d’Haus. Bis de Mëttwoch kritt sech erëm méi héije Loftdrock duerchgesat, ier duerno awer erëm Frontesystemer agräife kënnen. Et gëtt méi kill.

Héichdrock baut sech op

Mir starte mat ville Wolleken an déi nei Woch eran. Um Méinden ass et gréisstendeels bedeckt, d’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 7 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vu 9 bis 12 Grad. De Wand ass ëmmer nach méi spierbar aus West-Südwesten ënnerwee, packt et awer net méi op déi Vitessen déi um Sonnde gemooss goufen. Am warscheinlechste reent et tëscht dem Virmëtten an dem fréie Nomëtten, duerno soll et méi dréche ginn. Den Dënschde soll sech e Sonn- Wollekemix astelle, soubal de Niwwel vun de Moiesstonne verschwonn ass. Just op e puer eenzelne Plaze kéint et sinn, dass sech och iwwert den Dag e puer Niwwelbänken hale kënnen. Reene soll et bei 10 bis 13 Grad awer net an de Wand ass nëmme nach liicht spierbar ënnerwee. Um Mëttwoch sti mir erëm ënner méi staarkem Héichdrockafloss. Wann de Niwwel et zouléisst, ass et de ganzen Dag laang frëndlech a sonneg bei Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad.


De Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Fronte funken dotëscht

Wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, soll eis den Donneschden eng Kalfront passéieren. All ze vill Nidderschléi sollen dobäi net erofkommen, allerdéngs fléissen hannendrun däitlech méi kill Loftmassen an. Et ass de Gros vun Dag wollekeg, just heiansdo kann et zu liichte Nidderschléi a Form vu liichtem Reen oder Fisemreen kommen. Den Thermometer klëmmt op e Maximum vun 8 bis 12 Grad a fält an der Nuecht op de Freide plazeweis op de Gefréierpunkt. Duerch Nätzt déi fréiert kéint et mol glat ginn. Well parallel dozou schwaach Nidderschléi ëmmer nach net ausgeschloss ginn, ass et net onméiglech, dass op de Koppe mol Schnéireen drënner ass. E richtege Wanterabroch ass dëst awer net.

De Freide fléissen an der Héicht weiderhi méi kill Loftmassen an a mir geroden, trotz e puer Wolleken, erëm ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Et soll gréisstendeels dréche bleiwen, dat bei erwaarte Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad. An der Nuecht op de Samsde kéinten d’Temperaturen op ënnert de Gefréierpunkt falen, glat Stroosse wiere soumat also ze erwaarden. De Samsde soll e groen Dag ginn mat Fisemreen a Niwwel, wann et kal genuch ass kéint et fir e puer Fläckelcher resp. Schnéigrisel duergoen. 4 bis 7 Grad ginn am Nomëtten areecht. De Sonnde soll et gréisstendeels bedeckt mee dréche bleiwen, d’Temperature klammen op 7 bis 9 Grad.