
Fir dës nei Wiederwoch kann een de Prabbeli ëmmer nach doheem loossen, iwwerdeems d’Temperature no a no klammen. Fir de Weekend selwer steet awer schonn erëm e Réckgang am Raum.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Doduerch, dass sech eist Héichdrockgebitt vun haut bis e Mëttwoch vun de britteschen Inselen an den dänesche/skandinavesche Raum beweegt, gi kuerzzäiteg méi kill Loftmassen aus Osteuropa ugezapt. Fir en Donneschden an e Freide verlagert sech dësen Héichdrockafloss vu Mëtteleuropa aus erëm zréck a Richtung brittesch Inselen, Nordséi an och Atlantik, wat dozou féiert, dass kuerzzäiteg erëm méi mëll Loftmassen erbäigeruff ginn.

Dir mierkt: Et ass vill Beweegung dran. Fir de Weekend gett berechent, dass sech, zumools iwwert dem Oste vum Kontinent, e Schwall mat spéitwanterleche Loftmassen an de Süde schafft. Schold drun ass zwar och erëm dann d’Héich, wat zréck an de brittesche Beräich gewandert ass, mee gläichzäiteg och en Déif, wat sech iwwert der Ukrain forméiert. Wat dat betrëfft gëtt et nach spannend, well nach net gewosst ass, wéi wäit dës Keelt a Richtung Westen, also an eis Géigenden hin, wäert ausgräifen. Allefalls ass et souwisou net fir laang.
De Verlaf fir dës Woch
An dëser neier Wiederwoch si mir amfong séier duerch: Haut um Méinden zéie nach e puer Wollekefelder duerch, déi a Richtung Owend a Nuecht awer ëmmer manner ginn. 9 bis 13 Grad si virausgesot, punktuell kann et liicht driwwer goen. Muer um Dënschde kënnt sech d’Sonn erëm weisen, mee et sinn awer och e puer Schleierwolleken um Wierk. D’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi ass geréng – an och wann et dozou sollt kommen, wier et engersäits just ganz lokal de Fall an anerersäits d’Quantitéite net der Ried wäert. E Mëttwoch hu mir weiderhin e Mix aus Sonn an deels och méi kompakte Wolleken, reene wäert et net.
En Donneschden an e Freide gesäit et no vill Sonn aus, ännert sech net vill un de Berechnungen da sinn Temperature vun iwwer 20°C ze erwaarden. Fir de Weekend geet et mat Héichdrockafloss virun, mee wéi gesot: Et gëtt en Tick méi kal – mee wéi kal et gëtt, dat ass nach net ganz gewosst. E Comeback vum Wanter wäert et awer net ginn. Weider Informatiounen an eise Prognosen.
Eis erwaart also eng dréche Fréijoerswoch mat e puer Temperaturschwankungen.