De Wochenausbléck: Weiderhi net vill Reen an Aussiicht

De Weekend huet den Héichdrockafloss e bësse geschwächelt, elo stabiliséiert e sech awer rem. Eng weider Stéierung ass awer am Laf vun der Woch rem méiglech.

Sonn- Wolléckemix, just heiansdo eng Stéierung méiglech

Mir hunn et also haaptsächlech mat Héichdrockafloss ze dinn, soudass et net oft reene wärt. Dobäi wiessle sech Sonn a Wollécke meeschtens of, d’Temperature leien an engem agréable Beräich.

Mir starte mat engem Mix aus Sonn a Wollécken an déi nei Woch eran. A Richtung spéidere Nomëtte kéinten och e puer méi déck Wollécken dobäi sinn, reene sollt et awer net. D’Temperature packen et op 17 bis 22 Grad, laanscht d’Musel ass och e Grad méi net auszeschléissen. De Wand ass éischter schwaach aus Nord-Nordwest ënnerwee, just heiansdo si mol Spëtzte vu bis zu 40 km/h dobäi. E bësse manner wolléckeg geet et den Dënschde virun, d’Temperature klammen e klengt Stéck. 20 bis 23 Grad sinn ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordosten. Aus aktueller Siicht gesinn (Stand 08.07.2019 – 00:35) besteet an der Nuecht op de Mëttwoch eng kleng Schauerwahrscheinlechkeet. Um Mëttwoch selwer bleift et rem meeschtens drëchen, Sonn a Wollécken deele sech den Himmel. 21 bis 25 Grad sinn ze erwaarden, dat bei engem schwaache bis liicht spierbare Nordwestwand.

De Wocheverlaf vun uewen – GFS Modell (wxcharts.com)

Den Donneschde kéint ee méi onbestännegen Dag ginn, dat mat e puer Schaueren a méiglechen Donnerwieder. Mat bis zu 27 Grad maachen d’Temperaturen awer e weidere Krack no uewen. A Richtung Weekend sollt de momentane Modellrechnunge no den onbestännege Charakter ofhuelen, soudass mir rem op e Sonn- Wolléckemix zréckfalen. D’Temperature packen et op 23 Grad.

Titelbild Copyright: www.ohenze.de