De Wochenausbléck: Weiderhi summerlech, Reen an zweeter Hallschent méiglech

An dëser Woch dauert et bis an déi zweet Hallschent, bis e puer Stéierunge kënnen optrieden. Duerch dës kann et dann zu eenzelne Schaueren oder fläit och Donnerwieder kommen. Et ass summerlech waarm.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Iwwerflächlech gekuckt leie mir de Gros vun der Woch ënner Héichdrockafloss, wat awer net heescht, dass se ongestéiert verleeft. D’Modeller fänken un, fir en Donneschden an e Freiden eng Déifdrockzon ze berechnen, déi sech vu Frankräich aus a Richtung Lëtzebuerg an och Norddäitschland kéint erstrecken. Un hir kéim et dann zu der Warscheinlechkeet vu Schaueren an eenzelnen Donnerwieder. Wéi laang sech dës Phas mat méi déiwem Loftdrock erstreckt, gëtt nach ënnerschiddlech vun de Modeller berechent.


Wéi sech d’Loftmasse bis e Sonnden inclus dem europäesche Modell no sollen entwéckelen | Animatioun: wxcharts.com

Ënnerscheeder ginn et och a Saachen Temperaturen: Den amerikanesche Modell ass weiderhin optimistesch agestallt a gesäit bis e Samsden inclus summerlech, fläit esouguer héichsummerlech Temperaturen op eis duerkommen. Den europäesche Modell hält sech e bësse méi bedeckt a gesäit spéitstens vum Freiden un erëm en Temperaturréckgang.

De Verlaf

Haut um Méinde wiessele sech, no engem Start mat bloem Himmel an e puer Niwwelfelder, Sonn a Wolleken of. Et ass domat ze rechnen, dass d’Temperaturen op tëscht 19 an 23°C klammen. Muer um Dënschde gëtt et änlech: Et ass sonneg, just gëtt et mat 23 bis 26°C méi waarm. Et sinn ëmmer nach e puer eenzel Wolleken ënnerwee, déi fläit e bësse manner present kënnen ausfale wéi haut um Méinden. Mat vill Sonn geet et och e Mëttwoch virun, mir beweegen eis schonn erëm op d’30°C duer.

An der zweeter Hallschent sollen jo erëm e puer méiglech Stéierungen an d’Spill kommen. En Donneschde gëtt et am Laf vum Dag viraussiichtlech no a no méi wollekeg, fir d’Owesstonnen deiten déi aktuell Modeller e gerénge Schauer- an Donnerwiederrisk un. D’Temperature packen et op 28°C, deemno wéi och nach eng Kéier 30°C. Weider Signaler op Nidderschléi ginn et fir e Freiden, mee déi kënne mir nach net no Dageszäit anuerdnen. D’Héchsttemperature ginn tëscht de Modeller wäit auserneen. Den europäesche Modell berechent beispillsweis nach 18 bis 21°C, iwwerdeems den amerikanesche Modell ëmmer nach 26 bis 30°C undeit. Den däitsche Modell ICON-EU deit eppes dotëscht un, dat mat 22 bis 26°C.

Ongeféier an dësem Ausmooss ass och de geneeën Temperaturverlaf fir de Weekend net ganz sécher. Nidderschlagsméisseg hält sech den europäesche Modell gréisstendeels zréck, iwwerdeems den amerikanesche Modell e puer Schaueren undeit.