De Wochenausbléck: Weiderhi variabel mee méi mëll

De Weekend huet de Wanter e klengen Ausfluch zréck op Lëtzebuerg ënnerholl. An dëser Woch gëtt et zwar méi mëll, allerdéngs behaale mir awer dat variabelt Wieder.

Virdéicht liichten Héichdrockafloss

Um Méinden an um Dënschde leie mir rem ënner liichtem Héichdrockafloss, woubäi een awer e puer vereenzelt Schaueren trotzdem net ganz ausschléisse kann.

Um Méindemoie starte mir mat engem liicht wolléckegem Himmel an den Dag, lokal ass och rem bësse Niwwel mat dobäi. D’Temperature leien tësche 0 a 5 Grad, glaat Stroosse kënnen zumols an de Flossdäller net ganz ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtten erwaart eis e Maximum vu 7 bis 13 Grad, ufanks weist sech d’Sonn nach. Am weidere Verlaf vum Nomëtte gëtt et awer ëmmer méi gro, eenzel Schauere sinn dobäi méiglech. De Wand bléist gemitterlech bis liicht spierbar aus Westen a packt et an de Spëtzten op 30 km/h.

Um Dënschde sinn eng gutt Partie méi Wollécken um Himmel ze gesinn, sonneg Momenter maache sech rar. Trotz dem groen Himmel sollt et awer nach wäitgoend drëche bleiwen. D’Temperature leien um Moien tëschen 3 an 8 Grad a packen et am Nomëtten op 9 bis 13 Grad. An der Nuecht op de Mëttwoch setzt viraussiichtlech rem Reen an.

De Verlaf bis de Weekend laut dem amerikanesche GFS-Wiedermodell (wxcharts.com)

De weidere Verlaf

Um Mëttwoch zitt vu Westen hier en Déifdrockgebitt op, wat eis vill Wollécken an och rem méi groussflächege Reen brénge wärt. Um Moien ass et scho bedeckt an et reent, dat bei 5 bis 9 Grad. Bis an de spéidere Nomëtten era kann et méi laang um Stéck reenen, ier dat ganzt ëmmer méi a vereenzelt Schaueren iwwergeet. D’Temperature packen et op e Maximum vun 10 bis 15 Grad, de Wand ass frësch aus Südwesten ënnerwee. Zumols a Schauergéigend kënne mol 55 km/h areecht ginn. An der Nuecht op den Donnëschden géif eis dem amerikanesche Wiedermodell GFS no e klengt Randdéif mat engem Stuermfeld erwëschen, waat awer nach net confirméiert ass.

Um Donneschden ass et weiderhi meechtens gro, dat och bei Schaueren. D’Temperaturen areechen 11 bis 16 Grad. Aus momentaner Siicht gesinn (Stand 05.05.2019 23:55 Auer) wärt sech um Freiden an och um Samsden e Mix aus Sonn a Wollécken astellen, wou et zu vereenzelte Schauere komme kann. D’Temperature bleiwen ongeféier um selwechte Niveau a pendle sech dagsiwwer tëschen 11 a 16 Grad an. De Wand bléist mat Momenter spierbar aus West-Südwesten.

GEFS Ensemble: D’Temperature si méiglecherweis rem um Wee no uewen (meteociel.fr)