De Wochenausbléck: Weiderhi variabel, méi waarm ab dem Donneschden

Mir schéngen de variable Verlaf vum Wiedergeschéien zu Lëtzebuerg och nach a nächster Zäit bäizebehaalen. D’Temperaturen haale sech ufanks nach zréck, ier se Enn der Woch rem klammen.


Schaueren, heiansdo och mol Wiedere méiglech

Et ass ëmmer nach net mat engem stabile Verlaf vum Wieder zu Lëtzebuerg ze rechnen. Souwuel beim Wiederzoustand souwéi och wat d’Temperaturen ugeet erliewe mir weiderhin en erop an erof.

Um Dënschde geet et mat ville Wollécke weider, d’Schauerwahrscheinlechkeet klëmmt awer haptsächlech réicht ab der Mëttesstonn. Bis an d’Nuecht op de Mëttwoch kann et zu e puer Schauere kommen, d’Temperature klammen am Dag op maximal 14 bis 20 Grad. Um Mëttwoch reent et virun allem vun der zweeter Nuetshalschend bis an de fréie Mëtten eran, ier et ëmmer méi drëche gëtt a sech d’Sonn och heiansdo weise komme kann. D’Wäerter packen et op 16 bis 21 Grad.

Um Donnëschde komme rem lues a lues méi waarm Loftmassen agefloss, dat bei engem Mix aus Sonn a Wollécken. Réicht ab dem Nomëtte klëmmt laut de momentane Berechnunge rem eng kleng Wahrscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an och Donnerwiederen. D’Temperature packen et op 19 bis 26 Grad. Och um Freide souwéi um Samsde gëtt eng Wahrscheinlechkeet vu vereenzelte Schaueren an Donnerwiederen oprecht erhaal, d’Temperature sinn um Wee no uewen a sollen um Donneschden op 19 bis 26 Grad, de Freiden op 24 bis 28 Grad an um Sonnden op em 27 Grad klammen, sou déi aktuell Modellrechnungen (Stand: 11.06.2019 – 00:16).

Ab dem nächste Méinden kéint de variable Charakter e bëssen ofhuelen an d’Temperature weider um summerleche Niveau bleiwen.

GFS: Lues a lues kënnt d’Wiermt zréck op Lëtzebuerg (wxcharts.com)