De Wochenausbléck: Weiderhin ze waarm fir d’Joreszäit

D’Grousswiederlag ännert sech och an der neier Woch net wierklech markant. De Mix aus Niwwel, décke Wolleken, Schauere mee och mol méi schéine Momenter bleift eis erhale – genee sou wéi och déi ze héich Temperature fir d’Joreszäit.

Grousswiederlag bal déi selwecht

Un der Grousswiederlag ännert, wéi gesot, net vill. Grob gesinn hu mir et iwwert dem Süde vum Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn an iwwert dem Norde resp. Nordwesten oft mat déiwem Loftdrock. Dotëscht packt et ëmmer rem fiicht, mee däitlech ze mëll Loft vum Atlantik bis bei eis op Lëtzebuerg. D’Grenz tëscht Héich an Déif verleeft dobäi richteg schaarf, heiansdo läit se genee iwwert eis. Doraus resultéiert dann dat variabelt Wieder, wat mir elo weiderhin ze erwaarden hunn an och d’lescht Woch schon haten. De Wanter huet ëmmer nach keng richteg Chance sech duerchzesetzen.

Um Méinde starte mir mat ville Wolleken a moies och potenzielle Niwwelfelder. D’Temperature leie moies tëscht 4 a 7 Grad, klammen am Nomëtten op Maximalwäerter vu 6 bis 9 Grad. De Wand gëtt am Laf vum Dag méi present a packt et spéiderhin op 50 km/h an de Spëtzten. An der Nuecht op den Dënschde setzt méi groussflächege Reen an an och um Dënschde selwer bleift et meeschtens gro an et kann ëmmer rem naass ginn bei 7 bis 11 Grad.

De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch vun uewen (GFS / wxcharts.com)

Temperature vun iwwer 10 Grad méiglech

Um Mëttwoch starte mir mat Chance mat vill Sonn an den Dag eran, ier et am Laf vum Dag awer ëmmer méi gro gëtt. Am Nomëtte kënne Schaueren optrieden, dat bei Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad. Um Donneschde stellt sech rem d’Fro, ob sech de Niwwel opgeléist kritt. Wa jo, da kënnt d’Sonn sech bal ongestéiert weisen. Wa net, da bleift et wuel de ganzen Dag gro bei Maximalwäerter vun 8 bis 13 Grad. De Freide bleift et staark bedeckt an et reent meeschtens. D’Temperature packen et op 7 bis 10 Grad. De Samsden erwaart eis viraussiichtlech e Sonn- Wollekemix an de Sonnde kéint, Stand aktuell, e méi frëndlechen Dag ginn. D’Temperature klammen de Samsden op 3 bis 6 Grad a packen et um Sonnden op 4 bis 7 Grad.