De Wochenausbléck: Wiederrisk klëmmt, Temperaturréckgang a Siicht

Nach ginn eis waarm Loftmassen zougespillt, wat sech awer spéitstens vum Donneschden un ännere wäert.

Mir si mat summerlechen Temperaturen an déi nei Woch eragestart. Um Méinde konnt zu Miersch e Maximalwäert vun 28,1 Grad gemooss ginn, wat haut um Dënschde nach kann iwwertraff ginn.

Mir starte mat engem sou gutt wéi iwwerall kloren Himmel an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad an areechen am Nomëtte Maximalwäerter vu 26 bis 30 Grad. De Wand bléist nëmme schwaach aus verschiddene Richtungen. Et zéien eng Partie Quellwolleken op, wouduerch och eng minimal Warscheinlechkeet vun engem Schluetbesteet. Et sollt awer dréche bleiwen. An der Nuecht op de Mëttwoch si nach e puer Wolleken ënnerwee, dat bei 13 bis 17 Grad.

De Mëttwoch gerode mir ëmmer méi ënnert den Afloss vun déiwem Loftdrock. D’Loft gëtt e gutt Stéck méi fiicht, et bleift awer waarm. Bei 23 bis 27 Grad erwaart eis also e richteg schmeieren Dag, un deem et zu e puer lokale Wiedere komme kann. Et wäert awer viraussiichtlech net jiddereen eppes dovu matkréien. An der Nuecht op den Donneschde kéint mat Chance méi groussflächege Reen an d’Land gezu kommen.

Den Donneschde verdrängt eng Kalfront déi waarm Loftmassen (GFS – wxcharts.com)

Bis Enn der Woch nach eenzel Schliet méiglech

Déi meescht Plaze wäerte keng all ze nennenswäert Reequantitéiten ze erwaarden hunn – awer rechnen d’Modeller domat, dass sech bis de Sonnde nach eng Partie Schaueren duerch eist Land beweege kënnen. Den Donneschde si vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn ka sech net méi sou gutt weise komme wéi déi Deeg virdrun. Et kann ëmmer rem mol zu enger Schauer kommen, dat bei 14 bis 19 Grad. De Freiden an de Samsde geet et zimmlech änlech virun, eenzel Schauere kënnen optrieden. Sonneg Momenter wäerten tëschenduerch awer och nach dobäi sinn. D’Temperature falen e gutt Stéck a pendle sech un den zwee Deeg tëscht 12 an 18 Grad an. De Sonnde gesäit aus aktueller Siicht aus gesi nidderschlagsfräi aus.