De Wochenausbléck: Zweet Wochenhallschent kéint erëm summerlech ginn

Mir hunn et an der neier Wiederwoch oft mat héijem Loftdrock ze dinn, deen awer heiansdo kuerz vu klenge Stéierungen ënnerbrach ka ginn.

Reen weiderhi nëmme lokal/meeschtens net flächendeckend

No engem variable Weekend hu mir et an der neier Woch gréisstendeels mat héijem Loftdrock ze dinn. Heiansdo suerge kleng Stéierungen awer dofir, dass et dotëscht e plazeweis e bësse reene kann. Kuckt een e bësse méi wäit, da gesäit een an de Wiederkaarten d’Méiglechkeet vu spéitsummerlechem Wieder Enn der Woch.

Haut um Méinden zéie vill Wolleken duerch, duerch déi et awer just zäitweis a lokal reene kann. Haaptsächlech vum Moie bis an de fréie Mëtten era besteet eng Reewarscheinlechkeet, duerno geet se zréck. No 11 bis 14 Grad an de Moiesstonne ginn am Nomëtte Maximalwäerter vu 15 bis 19 Grad areecht. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Norden a packt et op 40 km/h. D’Sonn ka sech dotëscht weise kommen. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschde ginn d’Temperaturen op kill 12 bis 7 Grad zréck. Den Dënschden ännert net vill, et bleift oft zimmlech wollekeg an deemno wéi weist sech d’Sonn mol kuerzzäiteg. Am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 21 Grad areecht.


D’Loftmasseverdeelung dem GFS Modell no bis de Weekend inclus. Et gëtt lues a lues méi waarm | Animatioun: wxcharts.com

Et gëtt lues a lues méi waarm

Duerch haaptsächlech héije Loftdrock iwwer Europa an déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik ginn eis an der zweeter Wochenhallschent viraussiichtlech méi waarm Loftmassen zougespilt. Summerlech Wäerter sollten awer nach net direkt en Thema ginn.

Och de Mëttwoch ass et änlech staark wollekeg wéi um Dënschden. Deemno wéi weist sech d’Sonn mol tëschenduerch, eng schwaach a lokal begrenzt Schauer kann dobäi awer och erëm net ausgeschloss ginn. No frëschen 8 bis 12 Grad an de Moiesstonne ginn am Nomëtte 17 bis 22 Grad areecht, de Wand ass nëmme schwaach aus Nord- Nordosten ënnerwee. An der Nuecht kann et, genee wéi an de Nuechte virdrun och schon, haaptsächlech an den Däller zu Niwwel kommen. D’Temperature falen op 12 bis 8 Grad. Um Donneschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, réischt vum Owend un zitt et vill méi zou. 19 bis 23 Grad ginn areecht. Um Freiden ass et vum Moie bis an de fréie Nomëtten oft bedeckt, reenen deet et awer just ganz lokal mol, wann iwwerhaapt. 21 bis 26 Grad sinn ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht kläert et erëm meeschtens op. Um Samsden an och um Sonnde geet schonn erëm den Donnerwiederrisk an d’Luucht.