Déi nächst Deeg: De Weekend geet et rem a Richtung Spéitsummer

No engem spéitsummerleche Weekend gëtt et rem méi kill dobaussen, mee just fir eng kuerz Zäit. De nächste Weekend schéngt et rem e gutt Stéck biergop ze goe mat eisen Temperaturen.

Temperature gi virdéischt op ëm 20 Grad zréck

De Weekend konnte nachemol 29,2 Grad un der Kachelmann- Wiederstatioun zu Waasserbëlleg areecht ginn. Elo ginn d’Wäerter awer scho rem zréck. De Grond: En Héich iwwert de briteschen Inselen an en Déif méi wäit iwwert dem Oste vun Europa. Duerch dës Zesummestellung gi méi kill Loftmassen aus nërdleche Richtungen an eis Géigenden erof transportéiert.

Wat geschitt mat eisen Temperaturen? Um Dënschde waren et der nachemol knapp iwwer 22 Grad, vu muer un sinn et der awer nëmme nach ëm 20 Grad. Sonneg Momenter kommen zwar nach vir, heiansdo ass et awer och e Stéckche méi gro. Dat awer haaptsächlech just an de Moiesstonne, well virun allem an den Däller am Norde Niwwelfelder méiglech sinn. Soss huet d’Sonn awer op alle Fall d’Iwwerhand. Grafik: wxcharts.com

Achterbunn: Et geet rem biergop

Vum Freiden un soll et awer scho rem biergop goen mat den Temperaturen. De Grond dofir ass, dass sech d’Héich, wat sech de Moment nach iwwert de briteschen Insele befënnt, sech an ëstlech Richtunge verlagert. Wärend der Period vum Donneschde bis de Weekend mat zitt de Kär vum Héich vu West no Ost. Enn der Woch leie mir op der Récksäit vum Héich, iwwert dem Atlantik hu mir zäitgläich déiwe Loftdrock.

Dëst bréngt mat sech, dass dëskéier net déi kill Loftmassen aus dem Norden ugezaapt ginn, mee déi waarem aus Frankräich a Spuenien. Aktuelle Modellrechnunge no kéint de nächste Weekend also nachemol sou ähnlech ausfale, wéi deen, dee mir hannert eis hunn.

Wéi geet et duerno weider? De Modeller no bleiwen d’Temperature nach bis Enn September am mëlle Beräich, d’Chance fir Nidderschléi sollen awer vum 22. September un rem liicht klammen. Vill Reen sollt zwar do net méi dobäi sinn, mee wéinstens eppes.

Sou wéi et de Moment ausgesäit, kéint et awer mat däitlech méi niddregen Temperaturen an den Oktober era goen, wat awer vollkomme normal wier.

Grafik: wxcharts.com