Demnächst: Kuerzen Temperaturréckgang

D’Summerwieder haat Lëtzebuerg a leschter Zäit gréisstendeels am Grëff. Elo gläich gett et awer méi kill, zumindest vir eng kuerz Zäitchen.

Ufanks der Woch méi kaal

Ufanks der neier Woch gëtt den Zoufloss vu waarme Loftmasse vir eng kuerz Zäit ënnerbrach. Um Méinde gëtt et nach gutt waarem, 22 bis 26 Grad gi simuléiert. Den Dënschde sollt dann awer de killsten Dag vun der Woch ginn: Am Nomëtten ass mat gutt 10 Grad ënnert deem ze rechnen, waat mir lo déi lescht Deeg gewinnt waren. Daat well heechen, dass d’Werter et am Nomëtte nach héchstens op 18 bis 22 Grad packe wärten.

Och um aktuellen Ensemble ass de Knéck no ënne gutt ze erkennen. Duerno kënnt d’Summerwieder rem zréck, daat mat kaum Nidderschléi. Grafik: meteociel.fr

Vum Mëttwoch un kommen déi waarem Temperaturen zréck: Am Nomëtten ass rem mat 24 bis 28 Grad ze rechnen. Och déi Deeg drop gestalte sech summerlëch, a Richtung nächste Weekend ënner Ëmstänn och héichsummerlech. Wann et sou kënnt wéi de Moment berechent, erwaarden eis Werter vu bis zu 30 Grad an driwwer.

Kaum Nidderschléi

Déi kommend Zäit wärt nidderschlagsarem ausfaalen. Iwwerdeems den amerikanesche Wiedermodell GFS héchstens 1 l/m² bis de nächsten Donnëschden dran huet, huet den däitschen ICON iwwerhaapt näischt an der Simulatioun. Virun allem do, wou et virun zwee Deeg net zu Donnerwiedere komm ass, muss mat ze drëchene Werter gerechent ginn. De Risk vu Flächen- a Bëschbränn wärt am ganze Land rem klammen. Hei e klenge Modellvergläich:

GFS

Grafik: wxcharts.eu

ICON

Grafik: wxcharts.eu