Den Ausbléck: Keng positiv Aussiichte wat de Schnéi ugeet

De Weekend koum rem d’Thema Schnéi op, wat vun der neier Woch un awer rem Schnéi vu gëschter ass. Et gëtt nämlech rem méi mëll an et schéngt net sou, wéi wann et des oder iwwernächst Woch zu weidere Schnéischauere komme géif.

Grousswiederlag léisst kee Wanterabroch zou

Leider ginn d’Wanterfans och des Kéier rem enttäuscht: De Schnéi, dee gefall ass, verschwënnt rem zimmlech séier – genee wéi och d’Chance, dass et demnächst rem zu enger Schnéicouche komme kann.

De Grond musse mir bei d’Grousswiederlag siche goen: am weidere Verlaf vun der Woch läit den Oste vun Europa haaptsächlech ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, iwwerdeems um Atlantik déiwe Loftdrock d’Iwwerhand huet. Fir eis bedeit dat, dass eis déi kill Loftmassen, déi mir de Moment hunn, verlosse wäerten. An de Nuechte kann et zukünfteg zwar nach fir Frascht an déif Temperaturen duer goen, am Dag gëtt et awer e gutt Stéck méi mëll. Sou wéi d’Modeller et gesi, géife mir vun dëser Woch un bis an déi nächst Woch era lues a lues méi ënnert eng südwestlech Stréimung geroden, wat weiderhin ze mëllt mee awer och zäitweis naasst Wieder bedeite géif.

Demnächst e gutt Stéck ze mëll fir d’Joreszäit (GFS – wxcharts.com)

Och an de Nuechte gëtt Frascht no a no méi onwahrscheinlech

Ganz spezifesch op des Woch gekuckt leien d’Temperature nach bis muer tëscht 2 a 6 Grad am Dag. An der Nuecht op muer kënnen d’Wäerter a verschiddenen Däller am Norde nachemol op -4 Grad zréck goen, soudass och d’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroosse rem present ass. Och an der Nuecht op den Donneschde kënne nach negativ Temperaturen optrieden. Wa sech de Niwwel an de Moiesstonnen ëmmer séier genuch opgeléist kritt, si souguer méi frëndlech sonneg Momenter méiglech.

An der Zäit drop sollen d’Wolleke rem méi un Dominanz gewannen, d’Temperature kënne parellel dozou de momentane Berechnungeno de Weekend rem an d’Géigend vun den 10 Grad klammen. Och an der nächster Woch ass d’Wahrscheinlechkeet vu mëllem Wieder bei wäitem méi héich wéi déi vun engem wanterleche Charakter. E richtege Wanterabroch also, wou et am ganze Land zu signifikante Schnéiquantitéite komme kann, ass also net a Siicht.