Den Ausbléck: No Chrëschtdag nächsten Ulaf vum Wanter

Wéi gesäit et eigentlech an Tëschenzäit mat der Wahrscheinlechkeet vu wäisse Chrëschtdeeg aus? A wéini soll déi momentan ze waarm Phase rem op en Enn goen?

Bis em 10 Grad ze waarm

Op der Grafik gesidd Dir d’Grousswiederlag um Donneschden, déi awer och de ganze Rescht vun der Woch net vill aneschters ass. Iwwert dem Atlantik ass haaptsächlech déiwe Loftdrock ze fannen, iwwerdeems iwwert dem Oste vum Kontinent héije Loftdrock dominéiert. Duerch des Konstallatioun gi waarm Loftmassen aus dem Süden/Mëttelmierraum an eis Géigende geschëppt, wat och de Grond fir déi momentan ze héich Temperaturen ass. Den Dag vun haut, also den Dënschde, gëtt viraussiichtlech souguer de wäermste vun der Woch a soll op d’Moyenne bezunn 8 bis bal 10 Grad ze waarm ausfalen.

Eng méi oder manner héich Temperaturanomalie ass och nach bis an déi nächst Woch eran ze erwaarde, sollt sech awer wéi et ausgesäit Enn Dezember neutraliséieren an da kéint dat ganzt an de negative Beräich kippen. Virdéischt géif dat awer heeschen, dass d’Wahrscheinlechkeet vu wäisse Chrëschtdeeg weiderhi niddreg bis geréng sinn.

Déi momentan Grousswiederlag erlabt kee Wanterwieder (wxcharts.com)

Ëmschwong méiglech

No Chrëschtdag resp. ronderem Silvester KÉINT sech d’Grousswiederlag awer em 180 Grad dréinen. Amplaz déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik hätte mir et op eemol mat héijem Loftdrock ze dinn. Iwwerdeems géif sech de Berechnunge no, déi zwar nach am Glaskugelberäich leien, en Déif iwwer Wäissrussland installéieren. D’Konsequenz: D’Bunn wier fräi fir kaal polar Loftmassen, déi eis wanterlecht Wieder brénge géifen.

D’Situatioun bleift spannend an et ass fir d’Wanterfans ze hoffen, dass d’Berechnungen och nach an zwou Woche sou ähnlech ausgesinn. Vill wanterlecht Wieder kréie mir, op mannst wat den Dezember ugeet, net méi ze gesinn.

Glaskugelberäich: Potenziell Wiederlag Enn Dezember