Loftdrock klëmmt rem
D’Déifdrockgebitt (Randdéif), wat sech gëschter Owend quasi iwwert eise Käpp forméiert huet an eis de Reen bruecht huet, ass am Laf vun der vergaangener Nuecht ënner Verstäerkung an de Süde vun Däitschland gezunn an huet ënnert anerem dohanne fir massiv Iwwerschwemmungen, Stuerm- bis deels Orkanstéiss mee och Schnéi gesuergt. Dat selwecht Déif verlagert sech haut mat enger héijer Vitesse weider a Richtung Ost- Südosten a wäert muer um Mëttwoch am Oste vu Rumänien ukommen.
Haut um Dënschde leie mir also tëscht dësem Déif am Osten an engem gréisseren Héichdrockgebitt bei de briteschen Inselen. Duerch dës Kombinatioun fléissen aus Nordweste kill a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg, wat och de Grond ass, firwat et haaptsächlech op de Koppen zu Schnéiflacke kënnt. Op den héchste Koppen ass och mol fir eng kuerz Zäit eng geréngfügeg Schnéicouche net auszeschléissen.
D’Grousswiederlag bis de Samsdemoien (GFS – wxcharts.com)
Kuerzzäiteg rem fraschteg Nuechten ze erwaarden
No de Nidderschléi um Dënschde wandert d’Héichdrockgebitt, wat grad nach an der Géigend vun de briteschen Insele louch, weider an den Osten a leet sech iwwer Mëtteleuropa. Déi méi laang unhalend Westwiederlag gëtt doduerch also kuerz ënnerbrach – d’Wieder gëtt méi roueg. Mir hunn et doduerch bis de Freide nach mat méi kille Loftmassen ze dinn. An der Nuecht op de Mëttwoch ass just lokal mol mat glate Stroossen ze rechnen, d’Temperature falen op 3 bis 1 Grad. Méi kill gëtt et an der Nuecht op den Donneschde mat -2 bis 0 Grad. De Minimum vun dëser méi kaler Phas gëtt viraussiichtlech an der Nuecht op de Freiden areecht, wou d’Wäerter op -1 bis -4 Grad zréckgoe kënnen, wat fir d’Joreszäit awer ganz normal ass.
Vum Mëttwoch bis de Freiden ass et dagsiwwer awer méi mëll. D’Temperature leien am grousse Ganzen tëscht 4 a 9 Grad. D’Situatioun ass un dësen Deeg all Kéiers déi selwecht: wa sech de Niwwel opgeléist kritt, erwaart eis an alle Fäll e flotten Dag mat engem Sonn- Wollekemix. Aus aktueller Siicht gesinn soll virun allem de Freiden am sonnegste ginn.
Ëmschwong
An da geet d’Paus, wärend där et méi roueg zougang ass, lues a lues rem op en Enn. Weise wäert sech dat de momentane Berechnunge no schon am Laf vum Samsden, wou eis aus westleche Richtungen eng Kalfront passéiere wäert. Des Kalfront bréngt zwar nachemol kuerz méi kill Loftmasse mat sëch, déi awer net weider vu gréisserer Bedeitung sinn. Hannert der Front gëtt den Ofstand tëscht den Isobaren méi enk (Linnen op enger Wiederkaart, déi de Loftdrock markéieren oder och nach: Linnen mam selwechte Loftdrock genannt). De Loftdrockënnerscheed gëtt méi grouss a fir dësen auszegläiche, kënnt Wand an d’Spill.
Stuerm oder souguer Orkan net onméiglech
Mir kréien et, wéi d’Modeller et mat grousser Eenegkeet gesinn, rem mat enger zyklonaler Westwiederlag ze dinn. Grousswiederlageméisseg gesäit dat sou aus, dass iwwert dem Norde vun Europa een Déif nom aneren ze gesinn ass a méi wäit am Süden, ongeféier um Niveau vum Mëttelmier, Héichdrockgebitter. Den Jetstream, also d’Staarkwandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, wäert sech wärend dëser Konstallatioun méi oder manner genee iwwer Mëtteleuropa leeën an déngt sou quasi als Strooss, déi d’Déifdrockgebitter huele wäerte, fir eist Wieder ze beaflossen. Confirméiert sech dësen Trend, dann ass d’Wahrscheinlechkeet oder de Risk vun dem engen oder anere méi markante Stuerm oder souguer Orkan erhéicht. Un dëser “Strooss” mat den Déifdrockgebitter kënne sech och ëmmer rem kleng Randdéifer oder Schnellleefer forméieren, déi d’Prognos nach méi komplizéiert mache kënne, wéi se souwisou schon ass. Fir Détailer zu Wandvitessen ass et zwar nach vill ze fréi, mee den amerikanesche GFS wéi och den europäeschen ECMWF rechnen elo schon e puer Deeg laang Wandvitesse vun ëm 100 km/h an driwwer. MEE: Abwarten und Tee trinken! Et ka sech nach villes drun änneren. Mir schwätzen hei net vu muer, mee vun der nächster Woch – a mir si réischt Dënschden.
Wärend dëser Westwiederlag huet de Schnéi iwwrëgens keng Chance.
Och wann een de Moment nach ganz virsiichteg mat den Aussoe muss sinn, kann ee soen, dass d’Wiedergeschéien aktuell mee méiglecherweis och a noer Zukunft héichinteressant ass/wäert ginn. Zumols wat d’nächst Woch ugeet, muss een d’Entwécklungen am Aen halen.