Den Ausbléck: Op wat kënne mir eis de Weekend astellen?

De Weekend iwwer bleift eis déi variabel Westwiederlag erhalen. Mat dobäi kënnt ee Stuermdéif, wat och e bësse Wand op Lëtzebuerg brénge wäert.

Fir d’lescht aktualiséiert: 21. Mee 2021 – 01:44 Auer

Grousswiederlag

D’Grousswiederlag bleift déi selwecht; mir hunn et ëmmer nach mat enger Westwiederlag ze dinn. Den Donneschden an de Freiden zitt e Stuermdéif vum Atlantik hier iwwer d’Brittesch Inselen ewech. Dëst Déif positionéiert sech tëscht dem Freiden an dem Samsden vun der Nordséi hier a Richtung Dänemark an zitt südlech vum Kär ee Wand resp. Stuermfeld mat sech. E bëssen eppes vun dësem Wand wäerte mir och zu Lëtzebuerg ze spiere kréien.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 21. Mee 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, et sollt dobäi awer gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 9 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 a 14 Grad erop. Et gëtt minimal manner wollekeg, mee esou, dass d’Wolleken awer ëmmer nach d’Iwwerhand hunn. Et bleift ëmmer nach gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 10 a 16 Grad areecht, de Wand bléist spierbar bis deels liicht stiermesch aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 65 km/h ënnerwee. Sollt et spontan zu enger méi kräfteger Schauer kommen, dann ass och mol eppes driwwer net onméiglech. D’Schaueraktivitéit sollt sech awer gréisstendeels op de spéidere Nomëtte beschränken a wann et reent, da sollt och net vill vum Himmel kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 a 9 Grad zréck, et bleiwen ëmmer nach vill Wolleke present. Nidderschléi, ausser lokal Niwwelfelder, sinn awer weiderhi keng ze erwaarden.

Samsden, 22. Mee 2021

De Samsdemoien ass et gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, lokal kann och liichte Fisemreen dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 13 Grad erop. Et bleift bedeckt, Nidderschléi hale sech gréisstendeels zréck. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze rechnen, de Wand ass weiderhi spierbar aus Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte packt en et op 60 km/h, am Fall vun enger eenzelner méi kräfteger Schauer ass och eppes driwwer erëm net ausgeschloss. Wa mir schonn beim Thema Schauere sin: vum Nomëtten u gëtt Naasses méi warscheinlech. En eenzelt Donnerwieder ass net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 an 8 Grad zréck, et bleift meeschtens gro duerch Wolleken an och erëm nofolgend Niwwelfelder.

Sonnden, 23. Mee 2021

De Sonndemoien ass et verbreet gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 13 Grad erop. Et bleift wollekeg, d’Schauerwarscheinlechkeet klëmmt erëm e bëssen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 11 a 15 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtze packt en et erëm op stramm 50 km/h. Trotz de ville Wolleke gëtt et just lokal bësse naass, wann iwwerhaapt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, nodeems et kuerz manner wollekeg war kommen d’Wolleken an der Nuecht séier zréck. Bis an de fréie Méindemoien era sollt et awer nach dréche bleiwen.