Den Ausbléck: Schnéi bis den Donneschden inclus, duerno weidere Stuerm méiglech

An dësem Artikel mir eis un, wat eis demnächst sou bevirsteet resp. bevirstoe kéint. Fir den Ufank bleiwe mir mol nach op där méi wanterlecher Säit, mee scho gläich geet et rem a Richtung 15 Grad & lefteg oder eventuell stiermesch.

Mir ginn a Richtung 15 Grad an driwwer

Haut um Mëttwoch an och muer um Donneschden hu mir et nach mat kille Loftmassen ze dinn, déi eis haaptsächlech an de Nuechten Temperature vun ëmt an ënnert dem Gefréierpunkt bréngen. Dobäi kann et och, rem gréisstendeels op de Koppen, zu Schnéischauere kommen. Dëse Schnéi ka kuerzzäiteg leie bleiwen, mee et ass näischt fir d’Zukunft, well et de Weekend jo rem méi waarm gëtt. Haut a muer ass also mat Flacken ze rechnen, haaptsächlech muer am Virmëtten ass d’Wahrscheinlechkeet erhéicht, dass et ganz kuerz och op méi niddrege Plaze schneie kann.

De Freide gerode mir e bëssen ënner Héichdrockafloss. Duerch déiwe Loftdrock um Atlantik hu mir et mat enger südwestlecher Stréimung ze dinn, duerch déi mëll mee fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt ginn. Aktuelle Modellrechnunge no erwaarden eis um Freide rem Temperature vu bis zu 10 Grad, de Samsden 13 Grad an aus aktueller Siicht gesinn de Sonnde souguer méiglecherweis bis zu 16 Grad! Iwwerdeems ass net méi sou oft mat Nidderschléi ze rechnen, ausser um Sonnden.

Déi méiglech Schnéiquantitéite bis den Donneschdemëtte laut GFS- Modell (wxcharts.com)

Potenzielle Stuerm um Sonnden

Um Sonnde passéiert eis nämlech, sou gesinn et déi momentan Modellrechnungen, d’Kalfront vun engem Stuermdéif, wat mat séngem Kär iwwert der Nordséi leie wäert. Am Beräich vun dëser Kalfront kéint et rem zu stiermeschen bis eventuell orkanartëgen Entwécklunge komme, wéi z.B Wandvitesse vun tëscht 75 an 110 km/h. Duerch déi zäitlech Distanz kann ee nach net vill weideres soen an och d’Spaan vun de Wandvitesse gëtt réischt an de nächste puer Deeg méi konkret.

Zumols wat de potenzielle Stuerm ugeet, heescht et rem, de Ball flach ze halen. Bis dohi ka sech nach sou munches ännere. Mir befannen eis de Moment also am Observatiounsmodus a kucken eis an de nächsten Deeg zesummen un, wat an ob eppes draus gëtt.

De Fazit also: Bis de Freide kann et nach zu méi wanterlechem Wieder kommen, ier et rem e grousst Stéck méi mëll gëtt (an och ze mëll fir d’Joreszàit) an och rem méi lefteg bis potenziell stiermesch. Et ass also ëmmer nach net mat nohaltegem Wanterwieder ze rechnen – sorry Wanterfans!

Méiglecht Stuermfeld am Sonndenomëtten (GFS – wxcharts.com)