Dënschden: E bësse Neischnéi ab dem Nomëtten

Haut, um 22. Januar 2019, passéiert eis eng Okklusiounsfront. Duerch dës ass mat e bësse Neischnéi ze rechnen.

Bis zu 3 cm Neischnéi méigleg

Haut um Dënschde starte mir nach mat e puer wéinege Wollécken an den Dag eran, mat Chance léisst sech souguer d’Sonn nach kuerz weisen. D’Temperature leien am méi déiwe Minusberäich, sou kënne se op verschiddene Plaatzen am Norde bei ëm -13 Grad leien. Och am Süde kann et bei Werter vun em -6 Grad knackeg kaal sinn. Ab dem Virmëtte gëtt et aus westleche Richtunge lues a lues bësse méi wolléckeg, et sollt nach drëche bleiwen. Dëse Prozess dauert bis an de Nomëtten un, ier d’Front selwer bei eis ukënnt. D’Temperature wärte beim Antreffe vun der Mëschfront bei -3 bis 1 Grad leien, soudass et sech beim Nidderschlag haptsächlech em Schnéi handle wärt.

Den amerikanësche GFS-Modell rechent mat 1 bis 3 cm Neischnéi, héchstens mol 4 cm. Den däitsche Modell ICON ass mat just 1 cm dobäi, de franséischen ARPEGE ass mat 2 bis 4 cm Neischnéi dogéint méi optimistesch. De Modell, deen am meechte Schnéi komme gesäit, ass den HIRLAM. 2 bis 4 cm wieren dran, héchstens och mol bis knapp 6 cm. Am Norde vu Frankräich sollen dësem Modell no bis zu 15 cm bis de Mëttwochmoien zesummekommen.

De Fazit vir Lëtzebuerg: Hëllt een d’Moyenne vun de genannte Modeller, dann ass bei eis vun 1 bis 3 cm Neischnéi auszegoen. Sollt et méi an d’Richtung vun de méi optimistesche Modeller goen, da wier fläit och mol e 4ten Zentimeter dran.

Aktuell Wiederhinweiser vir Lëtzebuerg

Vir d’lescht aktualiséiert: Méinden, 21. Januar 2019 20:05 Auer


WIEDERHINWEIS viru GLAATE STROOSSEN

Méinden, 21. Januar 2019 20:00 Auer bis Dënschden, 22. Januar 2019 14:00 Auer

An der Nuecht op den Dënschden an och bis an de spéideren Dënschdemoien era leien d’Temperaturen iwwerall däitlech ënnert dem Gefréierpunkt. Lokal muss mat glaate Stroosse gerechent ginn.


WIEDERHINWEIS viru NIDDRËGEN TEMPERATUREN

Méinden, 21. Januar 2019 19:50 Auer bis Dënschden, 22. Januar 2019 09:00 Auer

An der Nuecht op den Dënschden ass mat niddrëgen Temperaturen ze rechnen. D’Werter ginn op -5 bis -8 Grad zréck, ënner Ëmstänn kënnen och mol bis zu -13 Grad ereecht ginn.


WIEDERHINWEIS viru LIICHTEM SCHNÉIFALL

Dënschden, 22. Januar 2019 14:30 Auer bis Mëttwoch, 23. Januar 2019 01:00 Auer

Am Laf vum Dënschdenomëtte kënnt eng Okklusiounsfront aus Westen an eist Land eragezunn, déi eis Schnéischauere bréngt. Och deskéier ass awer nëmme mat gerénge Schnéiquantitéite vun 1 bis 3 cm ze rechnen.