Dës Nuecht: Buedemfrascht a lokal Risk vu glate Stroossen

D’Nuecht op de Mëttwoch an och de Mëttwochmoie ginn e gudde Krack méi kill wéi déi lescht Nuechten a Moienter.

Polar Loftmasse brénge Frascht op Lëtzebuerg

Duerch héije Loftdrock iwwert de Färöer-Inselen an déiwe Loftdrock iwwer Tschechien/Polen gi polar Loftmassen aus dem héije Nordosten ugezaapt, déi eis an dëser Nuecht déi niddreg Temperature bréngen.

An der Nuecht sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, och Niwwelfelder wäerten haaptsächlech an den Däller erëm virkommen. Bis an déi éischt Nuetshallschent era leien d’Temperature nach gréisstendeels tëscht 5 a 9 Grad, falen an der zweeter Hallschent mat der Ukonft vun de polare Loftmassen ëmmer weider. Richteg kill gëtt et eréischt vu géint 4 Auer un, ier et no 8 Auer erëm méi mëll gëtt. Déi niddregst Temperature gi viraussiichtlech an der Nordhallschent, méi awer am Nordweste vum Land areecht. Berechent gi Lofttemperature vun tëscht 0 an 3 Grad, lokal begrenzt kann et och e bëssen an de Minus goen. Och an der Südhallschent vum Land gëtt et méi kill, mee dat nëmmen bis op eng Sträif vu Stengefort bis eriwwer op Gréiwemaacher. Déi déif geleeë Géigenden hunn Temperature vun tëscht 3 a 5 Grad ze erwaarden, soss leie mir meeschtens awer bei tëscht 5 a 7 Grad – haaptsächlech südlech vun dëser Linn.

Wat de Buedemfrascht ugeet ass de Nordweste vum Land am warscheinlechsten betraff. D’Temperaturen op Buedemhéicht (5cm) kënnen op 0 bis deels -3 Grad zréckgoen, och laanscht Musel ass dëst net onméiglech. Am wäermste bleift et an der Géigend vun der Haaptstad an och am Südwesten. Duerch Niwwel a soss Fiichtegkeet wéi potenziellen liichte Fisemreen kann et net ganz ausgeschloss ginn, dass et lokal begrenzt och bësse glat gëtt.