Donnerwieder: Vum Nomëtten un klëmmt de Risk op e Neits, Fokus: Staarkreen

Déi éischt Schliet fir haut hate mir schonn. De Modellrechnunge soll awer am Nomëtten de Risk fir punktuell méi kräfteg Dimmere mat Staarkreen klammen, dat iwwer BeNeLux, Nordostfrankräich an och der Westhallschent vun Däitschland.

Staarkreen am Fokus, punktuell Iwwerschwemmungsgefor

En Héichtendéif verlagert vum nërdleche Frankräich iwwer BeNeLux bis an de Nordweste vun Däitschland eran. Dowéinst klëmmt no 20 Deeg, plazeweis esouguer méi laang, endlech mol erëm d’Warscheinlechkeet vu Reen.

D’Situatioun vun haut begrenzt sech haaptsächlech op de Nordoste vu Frankräich, BeNeLux an Deeler vun der gesamter Westhallschent vun Däitschland (also och nach Deeler vum NW an SW). Nodeems an de Moiesstonnen d’Reschter vun engem Donnerwiedersystem nëmme knapp u Lëtzebuerg elaanschtzéien (mat Ausnam vun e puer eenzelnen Zellen déi awer iwwert eis ewechgezu sinn), klëmmt am weidere Verlaf vum Dag op e Neits d’Warscheinlechkeet vun Donnerwieder. Bei engem Donnerwieder besteet an éischter Linn de Risk vu Staarkreen, un zweeter Plaz si potenziell stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss. Och Knëppelsteng kënne bei de méi kräftegen Entwécklunge net ausgeschloss ginn.

Et ass immens dréchen, dohier ass d’Natur immens kriddeleg. De Buedem ass immens haart, wat heescht, dass d’Waasser am Fall vu Staarkreen iwwerflächlech ofleeft. Dowéinst ass et als realistesch anzestufen, dass wärend enger staarker Schauer oder engem Donnerwieder mat Staarkreen d’Gefor vu Flash Floods (Iwwerschwemmunge) besteet. Dëst ass awer ni flächendeckend de Fall, wat also heescht, dass eis d’Situatioun vun haut net aus der Dréchent-Period rett & nach laang net jiddereen haut en Donnerwieder gesäit.