Donnerwieder-Update: Wat fir muer, Donneschden, gewosst ass

Wéi mir et elo schonn e puer Deeg am Bléck hunn, steet jo muer eng Donnerwiederlag un. Dëst allerdéngs net speziell op Lëtzebuerg bezunn, mee op gréisser Deeler vu Mëtteleuropa. Dëst ass de neie Stand.

Advertisement

Potenzial jo, mee Modeller ëmmer nach net ganz kloer

Am leschten Update hate mir eis ugekuckt, dass d’Modeller méi konkret goufen – dat am Sënn vun “besteet dann elo en Donnerwiederrisk oder net?”. Fest steet: E besteet ëmmer nach, just kann d’Situatioun dës Kéier net esou liicht op bestëmmt Géigenden agegrenzt ginn. Well mir eis dat Ganzt muer de Moien souwisou an engem Donnerwieder-Outlook ukucken, ass dësen Artikel méi kuerz gehalen.

Dës Kaart weist déi Géigenden, an deene muer en Donnerwiederrisk besteet – Informatiounen aus de verschiddenste Wiedermodeller si mat agefloss. Tendenziell ass de Risk am gielen a méi déck markéierte Gebitt am héchsten, wou och Lëtzebuerg mat dra läit. Et sief awer drun ze denken, dass net all Mënsch an dësem markéierte Beräich och wierklech en Donnerwieder wäert erliewen.


An dëse Gebitter ass den Donnerwieder-Risk muer tendenziell am héchsten | Grafik: Météo Boulaide

Déi éischt Phas vum Donnerwiederrisk spillt sech an de genannte Géigenden vum spéidere Virmëtte bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend eran of, ier dann eenzel Modeller an der Nuecht op e Freiden resp. a Richtung fréie Freidemoien op e Neits mat Zellen rechnen, déi aus Weste kënnen opgezu kommen. Dës kënne vun hirer Raimlechkeet e bëssen iwwert déi aner Linnen erausschéissen, wouduerch ech och nach e gestréchelte Beräich agezeechent hunn.

D’Intensitéiten

Wa muer en Donnerwieder optrëtt, da fällt dëst liicht bis méisseg aus. Nëmmen ënner eenzelnen Zellen/Segmenter kënne warnrelevant Phänomener optrieden, dorënner haaptsächlech de Staarkreen. Saache wéi Knëppelsteng a stiermesch Wandstéiss/Stuermstéiss wäerten éischter just ënnert de méi raren a lokal zolitten Zellen en Thema ginn. Et ass also keng aussergewéinlech oder grouss Onwiederlag ze erwaarden, mee einfach eng Situatioun mat deels méi kräftegem (deemno wéi och méi laang unhalendem) Reen, agelagerten Donnerwieder an e puer eenzelnen Zellen, déi iergendwou (op der markéierter Fläch verdeelt) warnrelevant kënnen ausfalen. Wou genee dat wäert sinn, hale mir muer de ganzen Dag zesummen am Aen.

Et kann ee gespaant d’Modellrechnunge vu muer de Moien ofwaarden, déi dann och an den Donnerwieder-Outlook wäerte mat erafléissen. Eventuell ginn eis jo dann déi puer Fragezeichen nach beäntfert.