Donnerwiederrisk: Fiichtwaarm Loftmassen vum Méinden un

D’nächst Woch gëtt et méi waarm, mee direkt geet och den Donnerwiederrisk an d’Luucht. D’Loftmasse gi nämlech och e gutt Stéck méi fiicht.

Advertisement

Et ass eppes an der Heck

Aktuell Modellrechnunge si sech driwwer eenz, dass sech vum Méinden un eng aner Loftmass iwwer Mëtteleuropa leet. An dëser gëtt et zwar definitiv méi waarm bis esouguer summerlech, mee et gëtt zur selwechter Zäit och zimmlech schmeier.


D’Berechnung vum europäesche Wiedermodell fir den Dënschdenowend. Dës Berechnung ass allerdéngs eng Moment-Opnam a nach net an dréchenen Dicher | Grafik: wxcharts.com

Esou weisen d’Modeller schonn fir de Méinden déi éischt Signaler dofir, dass et an eiser Groussregioun op d’mannst lokal zu kräftege Schaueren an och Donnerwieder ka kommen. De Risk géif sech och nach iwwert den Dënschden esouwéi och de Mëttwoch zéien. Am Fokus wier aus aktueller Siicht virun allem de Staarkreen, woubäi mam Optriede vun de potenziellen Donnerwieder awer och kräfteg Wandstéiss bis Stuermstéiss vun de Modeller ugedeit ginn. Ob Knëppelsteng falen, entscheed am Endeffekt déi tatsächlech Instabilitéit vun der Atmosphär – déi gëtt nämlech vun de Modeller, ënnert verschiddenen anere Parameter, nach ganz ënnerschiddlech berechent.

Dësen Artikel ass net all ze ausféierlech, well et eben zäitlech nach zimmlech wäit fort ass an dowéinst och vill Détailer net gekläert sinn. E soll als en éischten “Heads Up” déngen. Wa sech dat Ganzt weider konkretiséiert, komme reegelméisseg Updates.