Donnerwiederrisk: Och haut um Donneschden erëm punktuell méi zolitt Schliet ze erwaarden

An de fiichtwaarme Loftmasse kënne sech am Laf vum Dag erëm punktuell méi kräfteg Schliet forméieren.

Fiichtwaarm Fréisummerzopp

Um Donneschde mierkt ee gutt, wéi iwwer Nuecht däitlech méi fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg komm sinn. Et ass zwar nach waarm, mee och däitlech méi schmeier. An dëse schmeiere Loftmasse kënne sech dagsiwwer erëm eenzel méi kräfteg Schaueren a Wiedere forméieren – net groussflächeg, mee an de meeschte Fäll just punktuell begrenzt. Dëst ass de Grond, firwat et op klengstem Raum zu gréisseren Ënnerscheeder komme kann. D’Haaptgefor geet vu Staarkreen aus, deen eng kleng Iwwerschwemmungsgefor biergt.


Déi viraussiichtlech Situatioun um Donneschdenomëtten dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Méi Informatioune kritt Dir iwwer eis nëtzlech Links.