Donnerwiederrisk-Update: De neitste Stand fir e Samschden

E Samschde gëtt eise Fréisummer duerch eng Kalfront mat Reen an agelagerte Wiedere verdrängt. Ënner Ëmstänn kann et punktuell och méi kräfteg zougoen. En Update.

Advertisement

D’Situatioun – Kuerzbeschreiwung

Nach bis muer inclus leien déi waarm Loftmasse quasi ongestéiert iwwert eis. E Samschden ännert sech dat, well sech aus nërdleche Richtungen eng Kalfront op eis duerbeweegt an op eis Fréisummerloft trëfft. Doduerch ass op enger schmueler Sträif vum Norde vu Frankräich, dem Südoste vu BeNeLux bis an Däitschland eran mat ville Schaueren an och eenzelne Reegebitter ze rechnen – ganz vereenzelt kënne sech och e puer vereenzelt méi kräfteg Schliet mat Blëtz an Donner amëschen. Do wou dës Donnerwieder optrieden, steet de Staarkreen am Fokus – an eenzelne Fäll si kleng Knëppelsteng a stiermesch Wandstéiss net ausgeschloss.

D’Verlagerung – déi neitst Berechnungen

Et ass gewosst, dass un dëser Linn (och nach Loftmassegrenz genannt) Schaueren an och Donnerwieder entstinn. Wou genee dës kräfteg Segmenter optrieden, ass awer nach onsécher – an dat ass och normal. Trotzdeem probéiere mir, unhand vun de neie Berechnungen, eng Aschätzung dozou ofzeginn.

Den héichopgeléiste Modeller no forméiert sech am Virfeld vun der Kalfront, also nach ier se am Samschdenomëtten op Lëtzebuerg gezu kënnt, op enger dënner Sträif virlafend Donnerwiederzellen. Dës Sträif soll vum nërdleche Frankräich iwwert d’Belsch goen an dann iwwert d’Äifel an Däitschland eran. Dës Phas vun den éischten Entwécklunge géif sech also nërdlech vun eis ofspillen, ouni ass schonn ze vill ze beaflossen. Den Ufank vun dëser prefrontaler Phas wier géint 12 oder 13 Auer.


Den héichopgeléiste WRF-Modell mam prefrontalen Deel am spéidere Nomëtten | Grafik: modellzentrale.de

An de Stonnen drop, tendenziell vu géint 17 Auer un, gräift d’Kalfront och op Lëtzebuerg iwwer. De prefrontalen Deel géif vun der Kalfront selwer ageholl/iwwerrullt ginn, wouduerch sech eng méi eenheetlech Front mat Reen direkt un der Kalfront géif forméieren. An dës Front mat agelagert wieren ëmmer nach eenzel Segmenter mat Blëtz an Donner, ënnert deenen de Risk vu punktuellem Staarkreen besteet. Och wann déi räimlech Situatioun, zumools op e klengt Land ewéi Lëtzebuerg schwéier anzeschätzen ass, kann een awer soen, dass d’Modeller besonnesch iwwert dem Süde vu Lëtzebuerg déi héchst Warscheinlechkeet fir Dimmere gesäit. Schonn am Laf vum Owend, géint 21 Auer, géif sech d’Haaptaktivitéit verzéien.

D’Intensitéiten

Et muss ee kloer tëscht dem prefrontalen an dem frontalen Deel ënnerscheeden. De prefrontalen Deel, also dat, wat sech haaptsächlech nërdlech vun eisem Land (also net bei eis) an der belscher Äifel an och an Däitschland soll ofspillen, kënnt just an d’Spill, falls et net schonn ze wollekeg ass. Ass et ze wollekeg, da ka sech keng bis nëmme wéineg Energie opbauen an et wäert net vill do geschéien. Sollt d’Sonn awer schéngen an et baut sech Energie op, da kann et, zesumme mat enger op d’mannst punktuell “okayer” Wandscherung (Ännerung vun der Wandrichtung- a Vitesse mat der Héicht), och zu superzellulären Entwécklunge kommen (Donnerwieder mat rotéierendem Opwand). Ënnert hinne géif de Risk vu gréissere Knëppelsteng (bis ca. 3 cm am Duerchmiesser) a Stuermstéiss bestoen. E vereenzelten Tornado wier net onméiglech.


Eng méiglech Optioun vum Kalfrontduerchgang bei eis (also frontalen Deel) laut ARPEGE-Modell | Simulatioun: wxcharts.com

De frontalen Deel, also deen, deen eis betrëfft, weist sech duerch eng Zesummesetzung aus Schaueren, Reegebitter an och agelagerten Donnerwieder. Am kräftege Fall si Segmenter mat Staarkreen dobäi, duerch déi et am Zäitraum vun 2 bis 6 Stonne kann zu 20 bis 30 l/m² Reen ka kommen. Am schlëmmste Fall sinn och Zomme bis ëm 40 l/m² net onméiglech, eventuell och an engem méi klengen Zäitraum (dann och Risk vu LOKALEN liichten Iwwerschwemmungen). Mee wichteg: Ob sech dës kräfteg Segmenter wierklech iwwert eis leeën oder méi e Fall fir Frankräich oder Däitschland ginn, muss ofgewaart ginn.