
D’Modeller hu sech an de leschte Stonne nach weider konkretiséiert, deels och e bësse verschäerft. Den Haaptinteressi läit an enger schmueler Sträif vum Norde vu Frankräich iwwer BeNeLux bis an Däitschland eran.
D’Situatioun
Muer um Samschden ass et esouwäit: Déi fréisummerlech Loftmassen, déi heiheem fir aussergewéinlech héich Temperature gesuergt hunn (op d’Joreszäit bezunn), gi vun enger Kalfront verdrängt. Dës Kalfront geet vun engem Défidrockkomplex aus, deen sech vum Nordatlantik a Richtung Russland beweegt. Et forméiert esouguer nach e puer eenzel Randdéifer, woubäi eent dovun sech och iwwert d’Ostséi wäert beweegen. Zur selwechter Zäit hu mir awer och nach en anert Déif, wat iwwert dem Weste vu Portugal a Spuenien resp. virun der iberescher Hallefinsel läit. Et suergt dofir, dass weiderhi waarm Loftmassen a Richtung Norden (also op Lëtzebuerg) transportéiert ginn, mee do eben widdert déi däitlech méi kal Loft stéisst.

Un dëser Kalfront entsti net nëmme grouss Ënnerscheeder vun der Loftmassentemperatur op klengstem Raum, mee am Virfeld hu mir et um Buedem och mat enger Wandkonvergenz ze dinn: Virleefeg vun der Front kënnt de Wand nach aus südwestleche Richtungen, iwwerdeems en un der Front direkt op Nordwest spréngt. Net nëmmen dréit dës Beweegung zu enger moderater Wandscherung bäi (Ännerung vun der Wandrichtung- a Vitesse mat der Héicht), mee et wäert sech südlech vun der Konvergenzlinn och fir Donnerwieder néideg Energie opbauen. De Konstrukt aus Kalfront a Konvergenzlinn notzt dës fir sech, wärend se sech am Laf vum Nomëtten a Richtung Süden beweegen. Zur selwechter Zäit iwwerlappt dëst sech och perfekt mat enger fiichtwaarmer Loftmass um Buedem, et wäert sech eng éischt Kéier fir d’Joer schmeier ufillen.

Domat wieren d’Zutaten fir eng éischt Donnerwiederlag gebongt, iwwert déi méiglech Intensitéite schwätze mir geschwënn nach. Fir d’éischt musse mir awer och potenziell Géigespiller beliichten, déi der Situatioun awer och e bëssen de Wand aus de Seegele kéint huelen: Et ass nach net sécher, wéi vill Energie sech tatsächlech kann opbauen. Dëst ass op d’Wollekendecken (Bedeckungsgrad) an och de Saharastëbs zréckzeféieren, deen eis jo schonn an der kommender Nuecht erreecht. Ass et ze wollekeg, da kéint sech d’Situatioun muer nach däitlech manner markant ofspillen. Mee wéi gesot, dat ass just eng Saach fir am Hannerkapp ofzespäicheren.
Méiglech Phänomeener an Intensitéiten
Am Verglach mam leschten Update fällt op, dass sech d’Berechnungen haut um Samschden en Tick eropgeschrauft hunn. Am Laf vum Virmëtte geet de Loftdrock lues a lues erof, well sech déi beschwat “Tiefdruckrinne” tëscht dem Nordweste vu Frankräich an der Mëtt vun Däitschland etabléiert. Dëst provozéiert d’Entwécklung vun den éischte Nidderschléi. Dës kënne sech bis an de fréie Nomëtten och mol e bësse méi groussflächeg weisen, ouni awer immens Intensitéiten ze erreechen. Vum Zäitpunkt un, wou déi aus dem Norden kommend Kalfront ufänkt, d’Konvergenzlinn och weider a Richtung Süden ze verdrängen (se gëtt also méi oder manner réckleefeg), entwéckle sech duerch markant Hiewungsimpulser (d’Loftmasse ginn doduerch, dass se “ausgequetscht” ginn dozou gezwongen, opzesteigen) ëmmer méi Donnerwieder.

Am spéidere Nomëtten hu mir vu Nordfrankräich iwwert de Südoste vu BeNeLux an och d’Mëtt vun Däitschland e Band mat Reen an agelagerten Donnerwiederzellen leien. Un der Nordsäit vum Konstrukt, wou d’Loftmasse schonn méi “stabil” a méi kill sinn, ass et meeschtens just Reen. Un der Südsäit dovun, wou nach déi fiichtwaarm Loftmasse leien, entstinn déi meescht Donnerwieder. De Staarkreen steet am Fokus, woubäi et ënnert de kräftegsten Zellen awer och mol zu Intensitéite vun tëscht 15 an 30 l/m² a kuerzer Zäit ka kommen. Sollte verschidde Géigende vu méi wéi engem Donnerwieder iwwerrullt ginn, dann wier däitlech méi dobäi. Dat anert ass d’Thema Wandstéiss: Innerhalb vun der Front gi Segmenter berechent, un deene Stuermstéiss bis ëm 90 km/h kënnen optrieden. Dat anert ass de Risk vu Knëppelsteng, mee deen ass limitéiert. Do, wou et dozou kënnt, sollte se net méi grouss ginn ewéi 2 cm am Duerchmiesser.
Duerch déi virdru genannt Zutaten a Saachen Ännerung vun de Wandstréim am Virfeld vun der Konvergenzlinn an hannendrun rechnen e puer Modeller, dorënner och den ICON-D2 vum Däitsche Wiederdéngscht an de Kachelmannwetter SuperHD mat vereenzelte Superzellen, déi sech virun allem un der Südflank kënne forméieren. Eng Superzell ass en Donnerwieder mat rotéierendem Opwand, un där de Risk vu Stuerm a Knëppelsteng erhéicht ass. Ënner ideale Konditioune besteet och de Risk vun engem Tornado – woubäi et awer un de mannste Superzellen tatsächlech zu engem kënnt. D’Knëppelsteng kéinten an esou engem Fall och ëm 3 cm déck ginn.
Zesummefaassung
Eng Linn aus Reen esouwéi agelagerte Schauer- an Donnerwiederzelle leet sech e Samschden iwwert de Norde vu Frankräich, de Südoste vu BeNeLux iwwert d’Mëtt vun Däitschland bis un d’Grenz zu Tschechien. An éischter Linn kënnt et zu Reen/Staarkreen, mee un de méi kräftege Segmenter sinn och Stuermstéiss, Knëppelsteng a nach méi verstäerkte Reen méiglech. Wou genee sech dës méi intensiv Semgenter innerhalb vum genannte Korridor wäerten entwéckelen, muss ofgewaart ginn. Dohier léisst sech pauschal net soen, ob Lëtzebuerg vun esou engem erwëscht gëtt oder net. Naass gëtt et awer trotzdeem bei eis.
D’Donnerwiederlag wäert sech viraussiichtlech tëscht 14 an 20 Auer ofspillen.