Donnerwiederrisk vum Mëttwoch un

D’Wiederlag huet sech, wéi erwaart, net all ze vill geännert. Vum muer un, also dem Mëttwoch, klëmmt rem de Risk vun Donnerwiederen a bleift bis de Weekend bei eis.

Lokal begrenzt a lues Geschwindëgkeet

Bis de Weekend ass de Risk vu Schaueren an Donnerwiederen erhéicht, daat op enger Fläch vu Frankräich eriwwer an d’BeNeLux- Géigend an och an Däitschland. Den Héichtewand huet kaum Vitesse drop, soudass d’Zellen am Fall vun enger Schauer oder engem Donnerwieder nëmme lues vu Plaatz kommen. Doduerch kann et zu gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit kommen. Am Fall vu méi staarken Donnerwiederen kann de Reen zousätzlech nach méi kräftëg ausfaalen, soudass lokal Iwwerschwemmunge net ausgeschloss kënne ginn. Och Knëppelsteng sinn am Beräich vun engem méi zolitten Donnerwieder méigleg. Dës kënnen dann och e bësse méi déck ginn.

Opgrond vum lokal begrenzten Optrieden wärt nach laang net all Plaatz an de genannte Géigende getraff ginn. D’Potenzial besteht awer iwwerall.