Donnerwiederrisk vum Sonndën un

Wéi am Artikel vu gëschter beschwaat, wärt vun der neier Woch un méi onbestännëg ginn. Neie Modellrechnunge no kéint et schon de Sonndën souwäit sinn.

Weekendwieder

De Weekend ass zweegedeelt: Um Samsden schéngt d’Sonn weider iwwer Bierg am Dall. Am Nomëtten ass mat ë puer Quellwollécken ze rechnen, woubäi de Risk vun Entwécklungen a Form vu Schaueren oder Donnerwiederen awer éicher als geréng ze anzestufen ass. D’Temperature packen ët op 22 bis 27 Grad.

Vum Sonndën un ass de Risk vun Donnerwiederen scho méi héich. Aus aktueller Siicht ass ët méiglëg, dass sëch vum Nomëtten un iwwer Frankräich déi éicht, vereenzelt a kleng Schauere forméiere kënnen, déi och mol Blëtz an Donner dobäi hunn. Am weidere Verlaaf vum Nomëtten kënnen op enger gréisserer Fläch verdeelt iwwer Westeuropa an an der BeNeLux-Géigend esou enk begrenzt Schaueren/Donnerwiederen entstoen, déi opgrond vun dem schwaachen Héichtewand éichter kaum vu Plaatz kommen. Am Fall vun engem Schlued kann ët also méi laang um Stéck reenen, daat och mol méi staark. D’Temperature packen ët op 21 bis 26 Grad.

Kaart mam CAPE an J/kg (Convective Available Potential Energy) mam LI-Index (Lifted Index). Waat de CAPE méi héich ass, waat eng méi grouss potenziell Energie an der Loft läit. De Lifted Index gëtt un, wéi wahrscheinlëch ët ass, dass konvektiv Schaueren an och Donnerwiederen optriede kënnen. Dem Modell no läit dësen bei -4, waat heecht, dass de Risk vu Wiederen a Schaueren däitlëch erhéicht ass.
Kaart: WXCHARTS.eu

Am Nomëtten wärten also méiglëgerweis just eenzel Plaatze betraff sinn, ier ët am Laaf vun der Nuecht och op anere Plaatze méi wahrscheinlëch gëtt, dass ët naass gëtt. An der Nuecht vum Sonndën op de Méinden passéiert eis nämlech eng Kaalfront, déi éichtens méi kaal Loftmassen mat sëch brénge wärt mee awer och Reen a lokal Donnerwiederen.