Donnerwiederserie geet virun

Haut um Donnëschden kënne sech a fiichtwaarme Loftmasse rem vereenzelt, mee lokal hefteg Donnerwiederen entwécklen.

Lokal, mee zum Deel hefteg

D’Donnerwiederzelle wärten, wéi an de leschten Deeg och, éichter kleng sinn an och lokal optrieden. Oft kënne se och wéi aus dem Näischt entstoen a virun allem vir zolitte Reen a Knëppelsteng suergen. Duerch de schwaachen Héichtewand zéien d’Zelle kaum vu Plaatz, soudass et iwwert eng méi laang Zäit staark op der selwechter Plaatz reene kann. Ënner Ëmstänn a je no Intensitéit vum Donnerwieder kéint daat zu Iwwerschwemmunge féieren. Dëse Risk besteht net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee an der gesamter BeNeLux- Géigend inkl. Deeler vum Norde vu Frankräich an doch an der Südhalschend vun Däitschland.

D’Wiederwarnunge fannt Dir hei.

Convective Outlook

De geneeë Verlaaf zu der Onwiederlag vun haut, dem 07. Juni 2018 fannt Dir och am Convective Outlook.

Modellvergläich

Déi meecht Modeller ennerstëtzen d’Theorie, dass sech ab dem Mëtten bis an den Owend eran Schaueren an Donnerwiederen entwéckle kënnen. Verschiddener dovunner gesinn e Schwéierpunkt an eise Géigenden.

AROME

ICON

ARPEGE

HIRLAM

Stänneg Informéiert

Météo Boulaide begleed Iech mat aktuellen Informatiounen a Warnungen duerch den Dag. E quasi Liveticker fannt Dir op der Facebooksäit an d’Wiederwarnunge fannt Dir hei.