
Den Donnerwiedersystem kënnt, dat ass sécher. Duerch déi grouss Fläch, déi en anhëlt, gëtt et elo eng kniffleg Ugeleeënheet fir d’Intensitéiten anzegrenzen – net iwwerall gëtt et d’selwecht staark. En Update.
Advertisement
Eng markant Onwiederlag
D’Modeller si sech eenz: Muer um Samsde forméiert sech iwwer Frankräich e grossen Donnerwiederkomplex, deen am Laf vum Owend vum Nordoste vu Frankräich an de Südwesten a Weste vun Däitschland eriwwerzitt. Op dëser Streck iwwerlappe sech Zutate wéi ënner anere Loftfiichtegkeet, Wandscherung (Wandrichtungs- a Geschwindegkeetsännerung mat der Héicht) esouwéi och immens héich CAPE-Wäerter (Convective Available Potential Energy) vun deels 3000 bis ca. 4500 J/kg – wat fir eis Verhältnisser immens vill ass. Zesumme mat enger sougenannter “Tiefdruckrinne”, déi vu Frankräich bis an Däitschland era verleeft, ass och de néidegen Opdriff present, fir dass sech grouss a staark Donnerwieder forméieren, déi vun dësen a méi Zutate kënne profitéieren.

Sollt dat ganzt Potenzial kënnen ausgenotzt ginn, da kann et ënnert dem System u verschiddene Segmenter zu extrem zolitte Phänomeener wéi Orkanstéiss vun 120 km/h (oder driwwer), Knëppelsteng bis 5 cm am Duerchmiesser an extreemem Reen mat Quantitéite vu ronderëm 100 l/m² a just e puer Stonne kommen – Dir mierkt: bei dësen atmosphäresche Konditiounen ass déi komplett Palette vun allen erdenkleche Wiedergeforen an d’Rechnung mat anzebezéien.
Wou besteet de gréisste Risk vu schwéieren Onwieder?
De Moien hu mir schonn e virleefegen Donnerwieder-Outlook zur Situatioun erstallt, deen, Stand aktuell, net vill anescht géif ausgesinn. De Beräich mat de beschten Iwwerlappunge vun de Parameter zitt sech knapp südlech a südëstlech u Lëtzebuerg laanscht. D’Sträif Dijon, Nancy, Mulhouse, Stroossbuerg, Saarbrécken, Mannheim, Stuttgart bis nach méi wäit a Richtung Nordosten hätt déi “bescht” Konditiounen. An dësem Gebitt trieden d’Donnerwieder och am fréquentsten op.

Lëtzebuerg läit also am “erhéichte Risiko”-Gebitt, markéiert mat der oranger Linn. Och hei iwwerlappe sech d’Parameter fir Phänomeener, déi den Onwiederstatus kënnen erreechen – mee net grad esou perfekt wéi am roude Gebitt. Dohier stellt sech bei eis ëmmer nach d’Fro, ob et bei eis och zu den uewe genannte Phänomeener kënnt, oder ob et bei eis zu enger méi liichter Versioun dovu kéim, déi awer ëmmer nach warnrelevant ass. Virun allem am Fokus läit bei eis de massive Staarkreen, deen, wann e sech intensiv iwwert eng Stonn oder méi laang géif zéien, och de Risk vun Iwwerschwemmunge mat sech bréngt. Op zweeter Plaz ass de Risk vu schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h. Knëppelsteng wieren och méiglech, deels och mat e puer Zentimeter am Duerchmiesser, mee tendenziell éischter am Beräich vu kräftegen Zellen, déi sech grad am entwéckle sinn. Am Laf vum spéideren Owend/der Nuecht ass domat ze rechnen, dass deen Deel vum System, deen eis heiheem beaflosst, sech an e grousst Reegebitt mat integréierten Donnerwieder ëmwandelt. D’Energie fir potenziell grouss Knëppelsteng soll just wärend engem kuerzen Zäitpunkt existéieren, dat nach viru Sonnenënnergang.

Vum Zäitpunkt hier leeën d’Modeller den Zäitpunkt vum Ukommen an eise Géigenden op tëscht 21 an 23 Auer, de System u sech soll eis awer nach bis an de Sonndemoien eran duerch e Reegebitt beaflossen. D’Intensitéit geet am Laf vun der Zäit zwar zréck, mee déi zäitlech Dauer vum Reen ass dann dat, wat ausschlaggebend ass.
Et sief och drop higewisen, dass et och am Nomëtten duerch déi immens gënschteg Loftmass net ausgeschloss ass, dass et schonn PUNKTUELL BEGRENZT ka kraachen. De Risk vu stiermesche Wandstéiss, Staarkreen a Knëppelsteng ass dann schonn present.
Onsécherheeten
Och wa sech d’Modeller iwwert de groben Oflaf eenz sinn, ginn et awer nach e puer kleng Onsécherheeten, nämlech: A wéifern beaflosst de Saharastëbs, deen iwwert der Regioun läit, d’Tatsaach a wéifern sech déi vun de Modeller simuléiert Energie iwwerhaapt komplett kann opbauen? E weidere Punkt ass deen, dass falls schonn am Nomëtten e lokaalt Donnerwieder optrëtt, dat schonn en Deel vun der Energie kéint “opfriessen”.
Sollt eng Onsécherheet dovu gräifen, géif dat zwar net d’Existenz vum System läschen, mee kann Auswierkungen op déi tatsächlech Intensitéit hunn. Manner Energie = manner intensiv.
Fazit
Aktuellem Stand no ass d’Potenzial fir déi zolittst Entwécklunge knapp südëstlech vun eisem Land méi héich wéi bei eis selwer – wat bei eis awer och näischt ausschléisst. Mat Chance zitt de gröbsten Deel also un eis laanscht. Huelt dës Wiederlag eescht – wa Dir muer den Owend dobaussen ënnerwee sidd (et gi vill Evenementer, virun allem och EM-Public Viewing), dann halt de Wiederradar ganz genee am Aen. Loosst Iech net vu Wiedergeforen iwwerraschen.