Donneschdenowend: Flacken & glat Stroossen duerch Kalfront méiglech

De Niwwel an déi méi déck Wolleken hu sech verzunn, de Rescht vum Mëttwoch gëtt also frëndlech. Um Donneschde schléit et awer schonns erëm ëm.

Haut um Mëttwoch hu mir et mat richteg frëndlechem Wieder ze dinn – dat awer just, well sech de Niwwel an de Moies- a Virmëttesstonnen opléise konnt. D’Temperature leien de Moment, Stand 13:05 Auer, tëscht 7 an 10 Grad. Dëst sinn also ze héich Wäerter fir d’Joreszäit, déi och schonn d’lescht Woch op dëser Plaz hei ugekënnegt goufen.


Esou zitt d’Kalfront um Donneschdenowend iwwert eis ewech | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Donneschde schläicht sech awer eng Kalfront a Richtung Lëtzebuerg, déi erëm fir méi grot a naasst Wieder suerge wäert. D’Wolleke kommen zwar schonn am Laf vum Donneschdevirmëtte bei eis un, de wierklech nennenswäerte Nidderschlag sollt et awer eréischt un der Kalfront selwer ginn, déi eis dem aktuelle Stand no tëscht 16 an 22 Auer passéiere sollt. Am Ufank falen d’Nidderschléi esou gutt wéi iwwerall als Reen, ier dann am weidere Verlaf vun de Stonne besonnesch op de Koppe Schnéiflacke méi warscheinlech ginn. D’Temperature ginn bis an d’Nuecht op de Freiden op tëscht -2 an 2 Grad zréck, et kann also zu glate Stroosse kommen. Zumools am Norde kéint et ugezockert sinn, wat nach eng Kéier zousätzlech dozou bäidroe kann. De Freidemoie kann also plazeweis nawell zimmlech glat ufänken. Och do wou et net schneit, wat op den allermeeschte Plaze wäert de Fall sinn, kann et duerch Nätzt déi fréiert glat ginn.