DORIAN elo Kategorie 4: Nërdlech Bahamas & Florida leien um Wee

Den Hurrikan DORIAN gëtt wuel en Tick méi kräfteg, wéi een et virun e puer Deeg nach gemengt hätt. De momentan Kategorie 3 Hurrikan soll sech an de nächsten Deeg weider verstäerken.

Parcours bisewell

Den DORIAN huet sech de 24. August 2019 op 10.40°N a 47.90°W wäit ewech vum Festland iwwert dem Atlantik forméiert. Vum 27. op den 28. August ass de System als tropesche Stuerm iwwer Barbados an och den Oste vu Saint Lucia ewechgezunn. Am weidere Verlaf huet sech de Stuerm a Richtung Nordweste weiderbeweegt an huet och d’Virgin Islands passéiert. D’Wandvitesse louchen an dëser Zäitspaan tëscht 80 an 112 km/h, an de Spëtzte goufen tëscht 105 an 145 km/h areecht.

Vum 28. August un huet sech den DORIAN zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir Simpson Skala weiderentwéckelt. Fir d’éischt ass en dunn knapp westlech u Charlotte Amalie laanschtgezunn. Bis de 29. August 2019 ass de Stuerm um fräie Mier bliwwen, an Tëschenzäit huet e scho Wandstéiss bis 170 km/h produzéiert. Den Dag drop, den 30. August 2019, huet en déi zweet Kategorie areecht. An der Moyenne huet de Wand mat 170 km/h geblosen, an de Spëtzte goufe scho bis zu 200 km/h registréiert. Gëschter Owend eiser Zäit huet den Hurrikan nach eng Schëpp bäigeluecht, en ass op déi drëtt Kategorie eropgestuuft ginn. Dëst entsprëcht Wandvitesse vun 185 km/h, an de Spëtzten 225 km/h.

DORIAN elo Kategorie 4

An der vergaangener Nuecht (31.08.2019 02:30 Auer eiser Zäit, 20:30 Auer Eastern Daylight Time) hu Miessunge vum National Hurricane Center erginn, dass sech de Stuerm a kuerzer Zäit séier intensivéiert huet. De Stuerm ass elo e geféierlechen Hurrikan vun der véierter Kategorie. E befënnt sech zu dëser Zäit op 25.30°N an 71.00°W a bléist an der Moyenne mat 210 km/h, Spëtzten 225 km/h.

De Wiedermodeller no wäert de System nach bis den 1. September owes hierer Zäit iwwer fräiem Mier ënnerwee sinn, ier et fir déi nërdlech Bahamainselen interessant gëtt. D’Ëmgéigende vu Marsh Harbour an och Freetown kéinte vun den enorme Reequantitéiten a Wandvitesse getraff ginn. Virun allem iwwert dem äußerste Norde vun den Insele kéinten an Zäit vu 24 Stonnen iwwer 400 l/m² erofkommen. Sou vill, wéi et bisewell un der Météo Boulaide Statioun an der Gemeng Bauschelt am ganze Joer 2019 gereent huet. De Wand areecht elo eng Moyenne vun 225 km/h, Spëtzten 265 km/h.

Viraussiichtlech Zuchrichtung (National Hurricane Center)

Eventuell ganz Ostküst vu Florida betraff

Nach ass de geneeë Laafwee vum DORIAN net bekannt, allerdéngs krisalliséiert sech dat no a no ëmmer méi eraus – an et gesäit net besonnesch gutt aus. De Stuerm kéint knapp nërdlech vu Portu St.Lucie u Land goen, d’Richtung op Nordnordwest dréinen an am weidere Verlaf déi ganz Ostküst entlaang zéie bis erop op Jacksonville. Et ass just nach net ganz kloer, wéini de Stuerm dës Richtungsännerung maache wäert. Wat méi fréi, wat et fir d’Ostküst net grad sou schlëmm géif ginn. Wat méi spéit, wat och gréisser Deeler vu Florida vum Stäerkste kéinte getraff ginn oder souguer och nach Géigende vun der Westküst.

Sou wéi et momentan ausgesäit (Stand 31.08.2019 – 02:50 Auer), trëfft den DORIAN als Kategorie 4 bei Fort Pierce u Land, dat mat enger gemëttelter Wandvitesse vun 225 km/h a Wandspëtzte vun 270 km/h. Mat dobäi kommen enorm Reequantitéite mat iwwer 200 l/m² an och nach d’Stuermflut, déi de Stuerm mat sech dréit. Alles an allem géif dat, wat och vum National Hurricane Center betount ginn ass, eng liewensgeféierlech Situatioun erginn, déi laanscht d’Ostküst vu Florida ze erwaarden ass.

Verschidde Léisunge vum Passage vum DORIAN (GEFS / wxcharts.com)