Dréchen Aussiichten: Reen mécht sech weiderhi rar

D’Reequantitéiten zanter dem Ufank vun der Woch sinn de Prognosen entspriechend geréng ausgefall. Och a nächster Zäit ass keen all ze groussen Ënnerscheed ze gesinn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass alt mol rem dee Modell ënnert de 4 ausgesichten, deen am meeschte Reen fir déi nächst Deeg rechent. Tëscht 1 an 3 l/m² sollen zesummekommen, haaptsächlech am Nordoste vum Land soll et am naasste ginn. Den Uersprong fir dës Reequantitéite soll eng Front sinn, déi eis de Freide passéiere soll. Déi aner Modeller si weiderhi mat gerénge Quantitéiten dobäi.

Den europäeschen ECMWF ass mat 0 bis 1 l/m² dobäi. Dës Quantitéite sollen och duerch de schwaache Frontesystem um Freiden zesummekommen, wat awer net wierklech nennenswäert ass. De franséischen ARPEGE rechent fir de selwechten Zäitraum tëscht 0 an 2 l/m² Reen.

Mat immens gerénge Wäerter ass och den däitschen ICON erëm dobäi. Tëscht 0 a 0,8 l/m² gi vun dësem Modell berechent. Stand elo stinn d’Chance fir nach e bësse Reen de kommende Weekend e bësse besser.