
Zanter dësem Joer teste mir eisen eegene Warnsystem, mat dem mir duerch Polygonen punktuell a lokaliséiert kënnen agéieren. Mam Réckbléck op d’Donnerwieder vu gëschter ginn d’Virdeeler vun esou engem System däitlech.
Advertisement
SkyWatch weist positiv Resultater
D’Prognos fir gëschter war zwar eng méi kniffleg, mee duerch eis polygonbaséiert Warnungen an Hiweiser konnte mir d’Situatioun räimlech gesinn präzis andeelen. Op der Kaart hei am Artikel gesitt Dir all d’Informatiounen aus eisem SkyWatch-Warnsystem tëscht gëschter 18:09 an 20:04 Auer.
De stäerksten Deel koum aus dem Raum Metz a Richtung Saarland gezunn, bewarnt mam Niveau 2/3 – Haaptgrond: Zolitte Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor, Stuerm a Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser. Zu Metz-Frescaty goufe Vitesse vun 107 km/h gemooss, net wäit ewech koume Radarmiessunge no méi wéi 45 l/m² Reen a kuerzer Zäit erof. Um weidere Wee a Richtung Saarland war et zwar ëmmer nach kräfteg bis punktuell zolidd, mee d’Warnschwellen ware just nach fir e Niveau 1/3 erfëllt. Et koum zu lokalen an temporären Iwwerschwemmungen (tëscht Metz & Merzig koumen 20 – 40 l/m² a kuerzer Zäit erof) esouwéi Stuermstéiss (Seingbouse: 91km/h, Tholey: 94 km/h – also nëmme knapp ausserhalb vun de Polygonen).

Déi eenzeg Warnung, déi mir erausginn haten, war fir e vergläichbart schwaacht Donnerwieder, wat am Raum Stroossen ënnerwee war. Dës war awer immens niddereg ugesat a war just, well et punktuell >15 l/m² a kuerzer Zäit gereent huet, wat genee d’Schwell fir e Niveau 1/3 ass. Um weidere Wee an de Nordosten huet se schonne rëm ofgebaut, esoudass een d’Warnung och hätt kënnen ophiewen.
Ofgesinn vun där Warnung hu mir iwwer lëtzebuergeschem Buedem mat Hiweiser gehandelt, well quasi keng warnrelevant Phänomeener opgetruede sinn. Besonnesch Deeler vun der Südhallschent louchen ënnert dësen, wéi een et der Kaart enthuele kann. Méi spéit, an dat ass net op der Kaart drop (ausserhalb vum definéierten Zäitraum), gouf nach en Hiweis fir d’Nordhallschent erausginn, well nach eng méi lëfteg Front mat agelagerten Donnerwieder ënnerwee war – mee ebe näischt ausser der Rei.
Fir eis ass eise System nach nei – mee och de Moment, wou et nach déi eng oder aner Mack gëtt, mierke mir, dass räimlech präzis Warnungen duerch Polygonen och fir e klengt Land ewéi Lëtzebuerg immens nëtzlech sinn. Eist Zil ass et, e System ze schafen, deen just déi Géigende bewarnt, wou et wierklech néideg ass. Gläichzäiteg kann domat erreecht ginn, dass d’Leit d’Warnunge méi eescht huelen an doduerch och d’Sécherheet vergréissert gëtt.