D’Weekendwieder ass Glühwäinwieder

Dass et an de nächste Stonne méi wanterlech gëtt, wësse mir mëttlerweil. Et gëtt vill vum Dag vun haut geschwat, mee wéi gëtt et um Samsden? An um Sonnden?

Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt, wat haut iwwert der Nordséi läit, verlagert sech bis de Sonnden iwwert déi brittesch Insele kommend a Richtung Lëtzebuerg. Den héije Loftdrock huet also an de nächsten Deeg näischt méi bei eis ze soen – duerch den déiwe Loftdrock ass et meeschtens gro, kill a fiicht, Schnéireen- a Schnéischauere bleiwen en Thema. Grouss Quantitéite sinn awer net ze erwaarden.

Déi nächst Deeg

Samsden, 27. November 2021

De Samsdemoien ass et gréisstendeels bedeckt mee dréchen, d’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad- et ass mat glate Stroossen ze rechnen. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht -1 an 2 Grad erop, et bleift bedeckt an aus Weste gëtt et schonn erëm naass. Et ass mat Schnéireen- a Schnéischaueren ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt an et kënnt weiderhin zu de genannte Nidderschléi. Glat Stroosse bleiwen ëmmer nach en Thema. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, d’Nidderschléi gi lues a lues manner verbreet.

Sonnden, 28. November 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt duerch Wolleken a Niwwel, d’Temperature leien tëscht -2 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 an 1 Grad erop. Et ass ëmmer nach mat glate Stroossen ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 0 an 3 Grad, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, ganz lokal ass nach liichte Nidderschlag dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad zréck, et ännert net vill.

An der neier Woch geet et fir den Ufank mol ganz änlech virun.