D’Weekendwieder: Bis de Sonnde kënnt de Summer net erëm

Dat onbestännegt Wieder huet eis zu Lëtzebuerg voll am Grëff. Bis de Sonnde soll sech de Summer op alle Fall net bei eis zréckmellen. Wéi et de Weekend gëtt, gitt Dir hei gewuer.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 06. August 2021 03:25 Auer.

Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert de britteschen Insele läit, bestëmmt de Moment an och de Weekend iwwer eist Wieder. Wuel kënnt et dotëscht och zu méi frëndleche Phasen, mee d’Schauere wäerten un eiser Säit bleiwen.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 06. August 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, et ass mat Niwwelfelder an och schwaachem Nidderschlag a Form vu Fisemreen oder lokalem liichte Reen. D’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 an 18 Grad erop. Et bleift bedeckt, et ka weiderhin zu Nidderschléi kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 60 km/h ënnerwee. Am Ufank kann et nach e bësse reenen, am spéidere Nomëtte gëtt et no a no méi dréchen. Och d’Chance op sonneg Momenter klëmmt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 16 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Samsden, 07. August 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 an 18 Grad erop. Aus Süde komme méi kompakt Wolleken op, wouduerch zumools am Südoste mat Reen ze rechnen ass. Mëttes an am Nomëtte bleift et wollekeg, et reent awer just nach a Form vu vereenzelte Schaueren. Mat Chance ass och e sonnege Moment dotëscht méiglech. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 17 an 21, am spéidere Nomëtte gëtt et manner wollekeg. Um Owend an an der Nuecht bleift et zwar wollekeg, et bleift awer gréisstendeels dréchen. D’Temperature ginn op tëscht 11 a 14 Grad zréck.

Sonnden, 08. August 2021

De Sonndemoien ass et meeschtens gro duerch Wolleken an e puer Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et bleift nach meeschtens gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 21 Grad ze erwaarden, Sonn a Wolleke wiessle sech of an et bleift meeschtens dréchen. De Wand bléist spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 45 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, an der zweeter Nuetshallschent gëtt et erëm bësse méi naass.