D’Weekendwieder: Dat bessert Wieder geet an d’Verlängerung

Nach virun e puer Deeg huet et esou ausgesinn, wéi wa sech dat gutt Wieder schonn de Weekend erëm verofschidde géif. Déi neist Modellkaarten hätten et awer nach gäre méi laang esou wéi et elo de Moment ass.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss – dat ausgoend vun engem Héichdrockgebitt, wat sech vun de britteschen Inselen a Richtung Ostséi verlagert. Iwwert dem Frankräich ass nëmme schwaach Déifdrockaktivitéit virzefanne, soudass zu Lëtzebuerg de Weekend iwwer meeschtens gutt Wieder d’Soen sollt hunn.

D’Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 03. September 2021

De Freidemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 20 Grad erop. Et ass richteg frëndlech an d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Den Himmel bleift kloer a sonneg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 a 14 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Samsden, 04. September 2021

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 20 Grad erop. Et bleift schéi sonneg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, et bleift awer dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 a 15 Grad zréck, et zéie nach e puer Wolleken duerch – plazeweis ass och e bësse Niwwel net ausgeschloss.

Sonnden, 05. September 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, eenzel Niwwelfelder sinn och méiglech. D’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 20 Grad erop. Et sinn eng Partie Wolleken dobäi, et bleift awer normalerweis dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. D’Wolleke bleiwe mol nach eng Zäit bei eis, d’Sonn weist sech awer och nach ëmmer. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel gëtt ëmmer méi kloer.