D’Weekendwieder: De Sonnde gëtt de sonnegsten Dag

Iwwert de Weekend erwaart eis gréisstendeels rouegt Wieder. Besonnesch de Sonnden ass mat engem frëndlechen Dag mat vill Sonn ze rechnen.

Freiden, 22. Juli 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 21 Grad erop. Et ass mol nach meeschtens sonneg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 25 a 29 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Vum spéidere Nomëtten u gëtt et aus Weste séier méi gro, et klëmmt eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Dës Warscheinlechkeet hält bis an den Owend eran un, d’Temperature ginn an der Nuecht op de Samsden op tëscht 14 a 17 Grad zréck.

Samsden, 23. Juli 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 a 24 Grad erop. Et bleift liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 24 a 29 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Bei engem Mix aus Sonn an deels méi décke Wolleke besteet eng minimal Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 an 18 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 24. Juli 2022

De Sonndemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 16 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 20 a 25 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 28 an 33 Grad ze rechnen, et bleift sonneg a frëndlech. De Wand bléist schwaach aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 16 a 19 Grad zréck, d’Luucht bleift kloer.