D’Weekendwieder: Héichdrockafloss hëlt zou

De Weekend iwwer gerode mir erëm méi ënner Héichdrockafloss. Dëst bréngt awer deen Effekt mat sech, dass et nach e klengt Stéck méi kill gëtt.

fir d’lescht aktualiséiert: 19.03.2021 – 05:42

Grousswiederlag

De Moment ass et nach esou, dass iwwert dem Atlantik ee grousst Héichdrockgebitt läit an iwwert dem Oste vum Kontinent en Héichdrockgebitt. De Weekend iwwer breet sech dat selwecht Héich iwwer Mëtteleuropa aus, wouduerch kuerzzäiteg nach méi kill Loftmasse kënnen ugezaapt ginn.

Freiden, 19. Mäerz 2021

De Freidemoien ass et nach oft wollekeg, dobäi si liicht Nidderschléi ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad, dobäi ka virun allem op de Koppe nach déi eng oder aner lescht Flack net ausgeschloss ginn. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 1 bis 4 Grad erop, et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis méi stramm aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a -1 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Duerch Nätzt déi fréiert kann et glat ginn.


De Verlaf vun de Loftmassen iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 20. Mäerz 2021

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Virmëtten op -2 bis 1 Grad erop. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, soubal de méigleche Niwwel fort ass kënnt sech d’Sonn weisen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 35 km/h. Um Owend an an der Nuecht op de Sonnde gëtt et ëmmer méi wollekeg, spéitstens an der zweeter Nuetshallschent gëtt et méi naass. Schnéireen a Reen si méiglech, op den héchste Koppen och mol Schnéi bei 0 bis 2 Grad.

Sonnden, 21. Mäerz 2021

De Sonndemoien ass et staark wollekeg, et ka nach zu liichte Nidderschléi kommen. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 2 bis 4 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten zéie nei Nidderschléi op, déi awer och nëmme geréngfügeg sinn. Et handelt sech warscheinlech ëm Fisemreen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten, an de Spëtzten ass mat 35 km/h ze rechnen. Den Owend an an der Nuehct gëtt et méi dréchen a manner wollekeg, d’Temperature falen optëscht -1 an 2 Grad.