D’Weekendwieder: Mix aus ville Wolleken, sonnege Momenter an e puer Schaueren

De Weekend steet virun der Dier a gréisser Ännerunge si bis ewell net an Aussiicht.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir tëscht engem groussen Héich am Beräich vun de britteschen Inselen an engem Déif mat sengem Kär iwwer Polen/Tschechien. Doduerch ass et éischter variabel bei eis, dat a Form vu ville Wolleken an zäitweis mol naasse Momenter.


D’Wiederiwwersiicht bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 27. August 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, lokal sinn och Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad, lokal begrenzt och nëmme bei ëm déi 6 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 12 a 15 Grad erop, et ännert sech net all ze vill. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, dotëscht ka sech d’Sonn awer och heiansdo weisen. Et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, et mecht sech erëm Niwwel breet.

Samsden, 28. August 2021

De Samsdemoien ass den Himmel bedeckt duerch Wolleken a Niwwelfelder, deemno wéi ass Fisemreen méiglech. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 bis 17 Grad erop. Et bleift gro, et si weiderhi liicht Nidderschléi méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift wuel wollekeg, mee d’Warscheinlechkeet vu Naassem gëtt ëmmer méi kleng – et bleift also meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, den Himmel bleift éischter zou.

Sonnden, 29. August 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt duerch Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 a 15 Grad erop. Et bleift gréisstendeels gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 a 19 Grad erreecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleke bleift et op de meeschte Plazen dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et ass mat weiderem Niwwel ze rechnen.