D’Weekendwieder: Nach vun den Temperature profitéieren

De Weekend iwwer komme nach summerlech bis deels héichsummerlech Temperaturen aus dem Südweste vun Europa an eis Géigende gezunn. E Changement ass awer och schonn erëm a Siicht.

Grousswiederlag

Déiwe Loftdrock an der Géigend vun de britteschen Inselen an héije Loftdrock iwwert dem europäesche Kontinent suergen dofir, dass waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert ginn. An der nächster Woch ännert sech dat awer erëm séier, well mir et dann mat héijem Loftdrock iwwert dem Atlantik an déiwem Loftdrock iwwert der Ostséi ze dinn hunn. Doduerch geroden däitlech méi kill Loftmassen iwwer d’Nordséi a Richtung Mëtteleuropa, wat dozou féiert, dass eis Temperature staark erofgedréckt ginn.


Waarm Loftmasse bleiwe nach bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 13. August 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, lokal kënnen awer och méi gro Momenter méiglech sinn. D’Temperature leien tëscht 16 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 20 a 24 Grad erop. D’Wolleke ginn lues a lues manner, et bleift gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 29 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Trotz enger Partie Wolleke bleift et meeschtens dréchen, just an Ausnamefäll ka mol eng eenzel Drëpps dobäi sinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel kläert gréisstendeels op.

Samsden, 14. August 2021

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 an 22 Grad erop. Et bleift frëndlech bei vill Sonn a just e puer harmlose klenge Wolleken. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 23 a 27 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech bei vill Sonn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 16 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Sonnden, 15. August 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 22 Grad erop. Et kommen e puer Wolleken dobäi, et sollt awer dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 an 29 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Et ass wollekeg, d’Sonn kënnt nach heiansdo duerch. Et sollt dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 16 Grad zréck, aus Weste komme weider Wolleken op. Dës kéinten eis dann an der Nuecht e puer Schaueren an Donnerwieder bréngen.