D’Weekendwieder: Reewarscheinlechkeet just nach geréng

De Weekend iwwer hu mir et mat duerchschnëttleche summerlechen Temperaturen ze dinn. Zäitweis besteet och nach eng minimal Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer, déi eis awer och geschwënn verloosse wäert.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer erstreckt sech en Héichdrockgebitt, wat mam Kär südwestlech vun de britteschen Insele läit, ëmmer méi wäit a Richtung Mëtteleuropa. Iwwerdeems läit iwwert dem skandinavesche Raum en Déifdrockgebitt, duerch dat et nach zu e puer Wolleken an zäitweis och enger minimaler Reewarscheinlechkeet kënnt.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 08. Juli 2022

De Freidemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 an 18 Grad erop. Et bleift frëndlech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg a frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel ass weiderhi gréisstendeels kloer.

Samsden, 09. Juli 2022

De Samsdemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 22 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, d’Wolleke kënnen och méi déck ginn. Trotz klenger Reewarscheinlechkeet bleift et meeschtens dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 13 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 10. Juli 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 16 Grad erop. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, d’Sonn huet awer d’Iwwerhand. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 a 24 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzte beweegt e sech mat 40 km/h. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift awer dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, den Himmel ass kloer.