D’Wieder fir de Béier a Wurscht Festival zu Wooltz

Dëse Samsden, den 20. Juli 2019, ass bei der Brauerei Simon zu Wooltz déi zweet Editioun vum Béier a Wurscht Festival. Op wéiee Wieder muss ee sech dann astellen?

Waarm a meeschtens drëchen

De Samsdemoie si nëmme wéineg Wollécken iwwer Wooltz ënnerwee, d’Temperature leien dobäi tësche 17 a 19 Grad. An der Mëttesstonn kommen d’Wäerter bei 26 Grad un, dobäi wiessle sech Sonn a Wollécken of. Am Nomëtte géint 16 Auer, wann de Festival séng Diiren opmëcht, wärt et mat 23 bis 26 Grad ëmmer nach agréabel waarm sinn. Sonn a Wollécke wiessle sech ëmmer nach of, allerdéngs besteet awer och eng kleng Wahrscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer oder och mol engem Dimmer. Et muss awer net sinn, dass et genee zu Wooltz wärt naass ginn. De Wand ass an der Moyenne mat 15 km/h aus West-Südwesten ënnerwee, an de Spëtzte packt en et op 40 km/h. Um Owend bleift de klenge Schauerrisk nach kuerz erhalen, ier en am weidere Verlaf awer definitiv verschwënnt. Déi lescht 3 Stonne vum Festival wärte just nach e puer eenzel Wollécken ënnerwee sinn, d’Temperature falen op 17 Grad.

De Programm vum Dag

  • 16.00-17.00 DJ DEE
  • 17.00-18.00 Les BRASSeurs
  • 18.00-18.30 DJ DEE
  • 18.30-19.15 Les BRASSeurs
  • 19.15-19.45 DJ DEE
  • 19.45-20.30 Weelzer Musik
  • 20.30-20.45 DJ DEE
  • 20.45-22.15 Powerkapelle “Wahnsinn”
  • 22.15 – 23.15 DJ DEE
  • 23.15-00.30 Powerkapelle “Wahnsinn”
  • 00.30-01.00/02.00 DJ DEE

Visite guidée duerch d’ Brasserie Simon

D’Frenn vum FC Wooltz 71 bidde während dem Festival och Visitten duerch d’Brasserie Simon un. Dës ginn um 16 Auer, 16:45 Auer, 17:30 Auer, 18:15 Auer an um 19 Auer ofgehalen. Aschreiwe kann ee sech beim Syndicat d’Initiative vu Wooltz.

Téléphone: +352 95 74 44
Email: info@touristinfowiltz.lu

P&R-Navette

  • Parking 1 + Navette – rue Charles Lambert (SIDEC) Wiltz
  • Parking 2 + Navette – Am Pëtz Weidingen
  • Parking 3 – Monopol Wiltz